Wann op de Bicher Lucinda Riley steet, kann ee sech scho bal sécher sinn, dass d’Geschicht voller Emotiounen a Geheimnisser ass.
D’Star trauert ëm säin Adoptivpapp Pa Salt, hatt hat hien ganz vill gär.
De Pa huet sengen Adoptivmeedercher Bréiwer hannerlooss, se enthalen Hiweiser op d’Hierkonft vun de Fraen.
Nodeems d’Star säi Bréif opgemaach huet, loossen d’rätselhaft Bemierkungen an eng Kazefigur him keng Rou méi, hatt begëtt sech op d’Sich no senge Wuerzelen.
Seng Bezéiung zu senger Schwëster CeCe ass intensiv, elo kënnt d’Zäit wou déi zwee léiere mussen, hieren eegene Wee ze goen.
Seng éischt Statioun ass een gemittlechen Bicherbuttik, de Besëtzer Orlando schéngt méi ze wëssen, wéi en zougi wëll.
Ausserdeem läit de Schlëssel zum Star senger Hierkonft wäit an der Vergaangenheet, a Réckblécker léiere mir d’Flora kennen, mir begleeden hatt duerch ee groussen Deel vu sengem Liewen.
Sinn déi zwou Fraen matenee verwandt?
D’Flora hat et net einfach, och do hu mir vill Rätsel ze léisen.
D’Lucinda Riley huet dës Etapp gutt recherchéiert, mir fannen souguer e puer real Charakteren an hier richteg Geschicht.
An dësen historeschen Deeler hunn ech mech wuel gefillt, et muss allerdéngs schwéier gewierscht sinn, an dëser Zäit ze liewen.
Interessant ass och, dass d’Autorin Homosexualitéit am 19ten Joerhonnert thematiséiert.
Ufanks hunn ech gefaart, dass déi 800 Säiten sech zéie wäerten, mä dem Star seng Gespréicher mam Orlando hu mir d’Lektüre verséisst.
Seng Famill huet Charme, et ass kee Wonner, dass d’Star sech esou wuel bei hinne fillt.
Fënnt hatt zesumme mat sengen neie Frënn eraus wien seng Mamm ass?
Firwat huet si hatt missen ewech ginn? Ass se nach um Liewen?
Wëll si iwwerhapt eppes mat hierem Meedchen ze dinn hunn?
D’Buch ‚Die Schattenschwestern‘ ass dat drëtt Buch aus enger 7-deeleger Rei, se kënnen awer all onofhängeg vunenee gelies ginn.
Wäert Star zeréck bei seng Schwëster goen? Oder fänkt hatt een eegent Liewen un?
De Schluss vum Buch gëtt eis d’Äntwert op dës Froen – en ass gleichzäiteg den Ufank vum nächste Band – ‚Die Perlenschwester‘ – dem CeCe seng Geschicht.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s