D’Buch ‚Das Zeiträtsel‘ ass ee Klassiker, d’Geschicht huet iwwer 50 Joer.
Beim Liesen war mir dat bewosst, vum Schreifstil hier, ass mir allerdéngs näischt opgefall.
D’Charakteren goufe mat vill Häerz gezeechnet, een ass méi speziell ewéi deen aneren, se hunn awer all eng Gemeinsamkeet – jiddereen vun hinnen huet ee Spleen.
Zumools den Charles Wallace – dem Meg säi klenge Brudder huet knapps 5 Joer, mä vum Schwätzen a vum Verstand hier, géif ee mengen, hie wier vill méi al.
Och den Numm vun deenen dräi Wiesen/Engelen/Stären ass speziell, duerch d’Madammen Wasdenn, Diedas an Dergestalt erënnert de Lieser sech dorunner, dass d’Buch eigentlech ee Kannerbuch ass.
D’Meg huet säi Papp vill Joeren net méi gesinn, hatt freet sech dacks wouhinner hien verschwonnen ass.
A firwat …
Zesummen mat sengem Brudder an deenen dräi komëschen Gestalten, reest (tessert) hatt duerch Raum an Zäit, fir de Papp erëm ze fannen.
Hëllef kritt d’Grupp vum Calvin – engem Schoulkamerod vum Meg an dem Charles Wallace.
Wat mécht hien zu eppes Besonneschem?
U sech huet mir d’Buch gutt gefall, dat eenzegt, wat e bëssen genervt huet ass d’Riedensaart vun der Madamm Diedas gewierscht.
Si schwätzt net richteg, si geheit Zitater an allerlee Sprochen duerch d’Géigend.
Mä d’Iwwersetzung steet all Kéiers dobäi, et léiert een alt eppes.
D’Geschicht huet och vill Witz – d’Mamm kacht am Experimentéierlabo, d’Meg gëtt gefrot, wien dem Shakespeare säi Romeo a Julia geschriwwen huet, …
Ongeféierlech ass dës Rees sécherlech net, fannen d’Kanner de Papp mat Zäiten?
Gi si dat däitschtert Monster meeschter? Oder huet en d’Kanner fest am Grëff?
Et ass den éischte Band vun enger Trilogie, wat geschitt wuel am zweeten Deel?
Ech sinn op d’Verfilmung gespaant, den Trailer gesäit fantastesch aus!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s