Ech hunn virun e puer Méint schonn e Buch iwwert ee Fligerongléck gelies, ech hat bei dësem Buch ufanks meng Zweifel – ginn et net zevill Parallelen mat deem anere Buch?
Gott sei Dank, war dat net de Fall …
Dës Geschicht geet nach méi déif ënnert d’Haut.
D’Lily an den Dave ginn ee leschten Interview, dono wëllen se nëmmen nach hier Rou.
Si hunn d’Ongléck iwwerliewt, si souzen iwwert ee Joer op enger Insel fest.
Ufanks waren si zu dräi, de Kent ass net lieweg vun der Insel erofkomm.
Hie war de Pilot vun der Onglécksmaschinn.
Mir liesen d’Geschicht aus dem Dave an dem Lily senger Perspektive, mir wiesselen tëscht der Géigewaart an der Zäit op der Insel.
Während den Interviewsequenzen gëtt dem Lieser séier kloer, dass d’Lily an den Dave villes net wëllen erzielen.
Wien ass zum Beispill de Paul?
Firwat deet d’Erënnerung un hien esou wéi?
Ewéi ass et deenen zwee no hierer Rettung ergaangen?
Zeréck an der Zivilisatioun …
D’Autorin beschreift ganz androcksvoll ewéi d’Protagonisten all déi Zäit mam Honger a mat der Hoffnungslosegkeet eens gi sinn.
Wat huet se um Liewen gehalen?
D’Erënnerung un doheem, oder awer eppes ganz aneschter?
Ewéi ass dat fir d’Familljen?
Dee schlichte Buchcover täuscht – tëscht de Buchdeckelen stécht vill méi ewéi ee mengt.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s