Mein bester letzter Sommer – een stierwenskrankt Meedchen
Den Mund voller ungesagter Dinge – Homosexualitéit

D’Anne Freytag sicht sech fir seng Bicher speziell, nodenklech Themen eraus.
An dësem Buch geet et ëm Suicide.
D’Autorin huet et fäerdeg bruecht, d’sensibelt Thema ganz douce ëmzesetzen, ech hunn vill Tréine vergoss.
D’Geschicht gëtt ofwiesselnd aus dem Luise an dem Jacob senger Perspektive erzielt.
Dem Luise säi grousse Brudder war bipolar, hien huet d’Donkelheet net verdroen, an huet sech d’Liewen geholl.
Hatt gëtt schlecht domat eens, hatt trauert, an kapselt sech komplett vu senge Matmënschen of.
‚t ass gefaangen a senger Trauregkeet, seng Gefiller hu mech iwwerwältegt, ech hätt hatt gären an den Aarm geholl …
Ech hat Gänsehaut, a mir sinn d’Schudderen de Réck erof gelaf.
De Lieser fillt mat him – d’Roserei, d’Onverständnis, d’Scholdgefiller, d’Léift, d’Gedankekarussell am Kapp, …
Op sengem 16ten Gebuertsdag kritt d’Luise eng éischt Email vu sengem Brudder, hien huet dës Nooriichten aus dem Jenseits laang geplangt.
A weideren Emailen gëtt hien dem Luise e puer Aufgaben, hie féiert hatt zeréck an d’Liewen.
Hien tréischt hatt.
Mech hunn dës Messagen matzen an d’Häerz getraff …
Et versteet een dem Verstuerwene seng Entscheedung schlecht, an awer huet en duerch seng Emailen d’Wuert.
E ka sech erklären.
Esou gutt, dass d’Roserei verschwënnt, a souguer Versteesdemech opkënnt, och wann et net ze verstoen ass.
Fir déi Hannerbliwwen ass et schlëmm, dat Lach verschwënnt net méi, mir léiere just domat ze liewen.
Gutt, et ass eng fiktiv Geschicht, mä duerch dës Emailen huet d’Luise d’Méiglechkeet ofzeschléissen, et huet bei der Trauerbewältegung gehollef.
Déi Chance kritt net jiddereen.
Eisen zweete Protagonist, den Jacob, lieft bei sengem Brudder.
Charakterlech gleicht hien dem Luise, hien ass ee Rouegen, hien huet och scho villes matgemaach.
Déi zwee komme sech no, si stäipen sech géigesäiteg, si vireneen do.
Flott un dëser Geschicht ass, dass d’Handlung beim Thema Trauer bleiwt, a sech net an eng Liiblingsgeschicht verwandelt.
Musik spillt och eng grouss Roll, ech hu während dem Liesen dacks pauséiert an ee Lidd aus der Playlist gelauschtert, ech hunn e puer flott Stécker fonnt!
Denkt drun, Iech Nuesschnappecher prett ze leeën, ech si mir sécher, dass Dir se brauchen wäert …
De Schreifstil vun der Autorin ass eenzegaarteg, d’Buch stécht voller Zitater.
A voller Wourecht, esou wéi se och deet!
Ech freeë mech op dat nächst Buch, dem Anne Freytag seng Bicher, hu well eng fest Plaatz a mengem Häerz.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s