Liebe mich nicht

Dëse Roman huet ganz laang a mengem Bicherregal op mech gewaart, elo kann ech et kaum erwaarden, den zweeten an och drëtten Deel ze liesen.
Ech hu mech an d’Jess, an nach méi an de Cayden verléift.
D’Geschicht ass schéin jugendlech geschriwwen, hätt ech gewosst, dass d’Buch mech esou begeeschtert, hätt ech mir vill méi Zäit gelooss!
Et ass speziell, well nach ganz vill griechesch Mythologie virkënnt.
Mir ginn alles aus dem Jess senger Perspektive gewuer, eigentlech huet hatt sech op ee rouege Summercamp mat senger beschter Frëndin gefreet.
Mä nodeems hatt de Clayton a seng Famill kenneléiert, huet hatt keng roueg Minutt méi.
Hatt muss sech e beemol mat Götter an hiere Problemer beschäftegen, duerch seng Gefiller fir de Clayton ass hatt matzendran.
An och wann de Clayton Gefiller fir d’Jess huet, firwat bändelt hien léiwer mam Robyn un?
Wat huet dat mat senger Ofmachung mam Zeus ze dinn?
A wat ass säin sehnlechste Wonsch?
Déi göttlech Famill ass richteg sympathesch; d’Athene, den Apoll❤, d’Hera an den Zeus mussen allerdéngs géint een alen Familljemember kämpfen, enger aler Prophezeiung no, soll den Zeus gestierzt ginn.
Vu wiem?
Heiansdo liese mir och e puer Zeilen vum Hermes, dem Götterbote – dee Kärel huet Humor.
D’Entwécklung vun de Charakteren ass super, se wuessen engem Säit fir Säit ëmmer méi un d’Häerz.
Hannen am Buch ass och nach ee Glossar iwwert Götterwelt – dat ass ganz flott, fir säi Wëssen nees opzefrëschen.
Elo bleiwt nëmmen nach eppes ze soen – ech freeë mech op déi nächst Deeler, an hoffen op een Happy-End! ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s