The woman in the window

D’Anna Fox drénkt zevill, an hëllt divers Psychopharmaka, psychesch ass hatt guer net an der Rei.
Hatt spillt online Schach, a kuckt duerch seng Kamera an de Noperen hier Häiser.
Mat ale Filmer kritt hatt och vill Zäit ëm.
Frënn huet hatt net wierklech, a vu senger Famill lieft hatt getrennt.
Dat alles huet ee Grond – Agoraphobie.
Ewéi et dozou komm ass, dass hatt säin Haus scho bal ee Joer net méi verlooss huet, liese mir a klenge Reckblécker.
A beemol, gesäit hatt ganz Hitchcock-méisseg, wéi seng Nopesch déidlech mat engem Messer blesséiert gëtt.
Mä et kënnt nach schlëmmer …
Der Nopesch schéngt et gutt ze goen, allerdéngs falen dem Anna vill Ongereimtheeten op.
Wéi ee Spill spille si mat him?
Oder dréit dem Anna seng Fantasi komplett mat ëm duerch?
De Lieser ass sech laang net sécher, an da mécht et Klick – och beim Anna.
Mä firwat?
Wien wëll him Béises?
De Schluss war iwweraschend gutt, ech hunn d’Opléisung bis op de leschte Moment net komme gesinn, ech hat ee ganz anere Verdacht.
Mat dëser Handlung gouf d’Rad net nei erfonnt, d’Schema ass esou ähnlech ewéi bei ‚Woman in Cabin 10′, an “Girl on the train‘.
Mä ech hu mech ënnerhale gefillt, déi bal 600 Säiten si spannend geschriwwen.

Ein Kommentar Gib deinen ab

  1. Flott Iech hei op WordPress ze fannen! Eng interessant Idee!

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s