Dëse Jugendroman war vill ze séier ausgelies – e geet spannend un, an hält iwweraschend op, de Lieser ass direkt matzen dran.
Et ass ee vun deene Bicher, mat deem ee gären, méi Zäit verbruecht hätt.
Währenddeems e puer Schüler ’nosëtze‘ mussen, stierft de Simon un engem Allergieschock.
Verdächteg sinn d’Bronwyn, d’Addy, den Nate an de Cooper, de Simon hat nämlech eppes géint si an der Hand, hien wollt dat a senger Klatsch und Tratsch App posten.
Wien huet et net bei béise Gedanken belooss, wien huet de Simon ëmbruecht?
Och wann d’Police ermëttelt, déi véier Schüler sinn verdächteg, lues entwéckele si sech zu enger Clique, natierlech probéiere si och dëst Rätsel ze léisen (a geroden a Gefor).
Am Laf vun der Zäit, ginn nach aner Intrigen a Geheimnisser opgedeckt, Fans vu Pretty Little Liars komme wierklech op hier Käschten.
Heiansdo kréie mir och ee Blogartikel vum Simon ze liesen.
D’Buch gëtt aus der Ich-Perspektiv vun deene véier erzielt, d’Persounen wiesselen no all Kapitel.
Verschidde Perséinlechkeeten, ënnerscheedlech Charakteren, ganz vill Iwweraschungen …
A wat huet dem Simon seng Gothik-Frëndin vu sengem Dout?
Ass hie gestuerwen, well en eppes/oder een schütze wëll?
Oder stécht eppes ganz aneschter dohannert?
De Schluss huet mir gutt gefall, ech hat zwar ee Verdächtegen am Kapp, mä dorop wär ech ganz sécher net komm.
Ech wäert d’Autorin op jidde Fall am A behalen!

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s