Gods Kitchen

Och wann Gods Kitchen ee Jugendbuch ass – et muss een sech Zäit dofir huelen, fir jonk Lieser ass et villäischt e bëssen ze komplex.
D’Buch huet seng eegen Erzielweis, mir liesen alles aus dem Celine senger Perspektive, heiansdo gi mir a Réckblécker méi iwwert säi Liewe gewuer.
Hatt ass aussergewéinlech, hatt gesäit an d’Zukunft.
Dës Biller kommen onkontrolléiert, se sinn him net geheier.
Se hunn him nämlech dacks Ongléck bruecht, hatt kapselt sech vun der Welt of.
Säin Haaptfach op der Uni ass Psychologie.
Seng Frëndin Pandora proposéiert him ee Praktikum, d’Celine zéckt keng Minutt a seet direkt zou.
Soll dat kee Feeler gewierscht sinn?
Ass d’Pandora wierklech eng Frëndin, oder huet hatt Hannergedanken?
A sengem Praktikum léiert d’Celine d’Chi kennen, ee Roboter, eng künstlech Intelligenz.
D’Chi gëtt dem Celine sympathesch, ech hunn hier Gespréicher allerdéngs onheemlech fonnt.
Iergendeppes un dëser Intelligenz mécht Angscht …
Zu Recht?
Ass d’Chi gutt? Oder huet hatt ee béise Kär?
Wat hatt méi Zäit mat de Mënsche verbréngt, wat hatt méi eegestänneg denkt an handelt.
Dass dëst wierklech eemol hei kéint passéieren, ass schonn beängstegend …
Wat verstoppen dem Celine seng Mataarbechter am Institut virun him?
A wéi ass deen ale Praktikant ëm d’Liewe komm?
D’Buch ass wierklech spannend, ech konnt et bal net aus der Hand leeën.
Och Thematik ‚Künstlech Intelligenz an Daten späicheren‘ reegt zum Nodenken un, et hannerléisst souguer ee batteren Nogeschmaach.
Mir deet et net leed, dëst Buch gelies ze hunn!
An och wa Science Fictioun net esou menges ass, de Schluss hätt roueg kéinten nach e bësse méi spektakulär sinn 😁

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s