Die ‚Phantasie der Schildkröte‘ ass éischter ee rouegt, nodenklecht Buch, genau ewéi d’Edith.
Hatt huet 45 Joer, an ass mat sech selwer onzefridden, huet keng Frënn, a keng Liewensfreed.
Divers Zwangsstéierunge bestëmmen säi Liewen.
Hatt fonktionnéiert just.
Enges Dages begéint hatt engem klenge Meedchen am Lift, hatt nennt sech Schneewittchen an huet zéng Joer.
Och wann d’Edith net wëll, d’Schneewittchen gëtt him kleng Aufgaben, déi hatt bewältege muss.
(Mat Knetsch eng Blos maachen, een an der U-Bahn uschwätzen, frëndlech sinn, etc)
Dës Aufgaben hëllefen dem Edith, hatt fänkt u sech stolz ze fillen, hatt vergësst dacks seng Zwangsroutine, gëtt selbstbewosst, fënnt Frënn, Bekanntschaften a lieft – endlech.
Mir kënne souguer soen, d’Edith kënnt aus sengem Schildkrötepanzer eraus.
D’Buch erënnert eis ganz douce dorunner, dass et wichteg ass, dat klengt Kand an eis net ze vernoléissegen.
Well och wa mir erwuessen sinn, dësen Deel vun eis ass immens wichteg – e muss regelméisseg gefiddert ginn.
Wie genau d’Schneewittchen ass, gëtt eréischt op der leschter Säit opgeklärt, dat ass allerdéngs net weider wichteg.
Fir mech war et Niewesaach, d’Haaptsaach war, dass dat klengt Meedchen genee zur richteger Zäit opgetaucht ass.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s