Die Gabe

Gläichberechtegung – et ass a bleiwt een Diskussiounsthema.
D’Männer sinn dat staarkt Geschlecht, Fraen verdénge manner, asw, …
Dës Dystopie deet de Lieser nodenken, wat wier da wann d’Fraen d’Iwwerhand hätten?
Eng interessant Fro, nee?
An dëser Erzielung entwéckelen jonk Meedercher eng aussergewéinlech an och geféierlech Kraaft – si kënnen ee mat Blëtzer blesséieren (a souguer ëmbréngen).
Dës elektriséiernd Fähegkeet kënne si un déi méi al Generatioun weiderginn.
D’Welt steet op der Kopp, d’Männer fille sech bedrot.
Wat hunn d’Fraen elo wëlles?
Kann een hinnen iwwerhapt nach trauen?
Wéi kënne si sech schützen?
Besteet nach Hoffnung, oder ass d’Welt verluer?
Wat ass richteg a wat ass falsch?
Mir liesen d’Entwéckelung vun dëser neier Weltuerdnung aus verschiddene Perspektiven – vun e puer Fraen an ee Mann.
D’Margot ass ufanks Buergermeeschtesch, dono Senatorin.
Säi Meedchen Jocelyn huet d’Kraaft net richteg ënner Kontroll.
D’Allie nennt sech elo (Mother) Eve.
Hatt ass verantwortlech fir ee Fraekult, si beschäftegen sech vill mat der Relioun, schreiwen se souguer ëm.
D’Roxy ass d’Meedchen vun engem Kriminellen, mat der Zäit gëtt hatt dem Eve seng riets Hand.
An den Tunder ass Journalist, hien dokumentéiert dee ganze Wahnsinn.
Et kënnt zum Krich, et kann ee scho bal soen, zum Kampf der Geschlechter.
Alles verännert sech, d’Relioun gëtt ugezweifelt, d’Politik souwisou an d’Gesellschaft muss seng Reegelen upassen.
De Schreifstil ass e bëssen distanzéiert, mir liesen dat Ganzt, wéi ee Reportage (ee Geschichtsartikel).
D’Buch reegt zum Nodenken an Ëmdenken un – Männer, Fraen, ganz eegal wien et liest, fir jiddereen ass dee passenden Message dobäi.

Mir huet d’Buch richteg gutt gefall, ech géif et flott fannen, wann ech mat engem driwwer diskutéiere kéint …
Wien wëll? 😁

 

Veröffentlicht in Heyne

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s