Här Dokter

Dësen Text verstëbst elo schonn e puer Joer an enger Datei um Laptop.
Ech bréngen et net iwwert d’Häerz en ze löschen, en huet eng perséinlech Bedeitung.

Viru Joeren hat ech zimmlech deprimant Phase, ech war pessimistisch, onglécklech, a wat weess ech net nach alles.
Währenddeems ech mat enger Frëndin Kosettecher gehalen hunn ass et geschitt – ech hu missen laachen.
Dat huet meng Frëndin deemols esou erstaunt, dass ech un d’Nodenke koum.
Owes, hunn ech de Schreifprogramm opgemaach, an dësen fiktiven Text, ee Sketch geschriwwen.
Ech souz stonnelaang drun.
Den Dag drop war ech midd, mä glécklech.

Elo schenken ech Iech en …
Vill Spaass!
A sidd glécklech ❤

467f6c63d929dc5a58e2474286575bb3
Bild: Pinterest

D’Persounen:
den Dokter,
eng eeler Dame als Patient

Den Dekor:
D’Praxis vum engem Dokter.
– E Schreifdësch, ee Bürostull, 1 Stull fir de Patient

Den Dokter sëtzt hannert sengem grousse Pult.
D’Madame betrëtt d’Consultatiounszëmmer.

Dokter:
(steet op, gëtt der Madame d’Hand) Bonjour, Madame, wat kann ech fir Iech maachen? (sëtzt sech nees) Meng Sekretärin sot mir, et wier eng Urgence. Verstidd mech elo net falsch an huelt mir et och net iwwel, mä ech fannen, dir gesidd ganz gesond aus.

Madame
(gesäit elo zimlech nervös aus) Oh, Här Dokter, mir ass virgëschter Mëtten eppes ganz Komesches geschitt, ech kréien et einfach net méi aus mengem Kapp. Eleng schonn vum drun denke kréien ech Häerzklappen an Schweessausbréch. Gesitt Dir, ewéi naass meng Hänn scho sinn? Oh Mamm, wat man ech dann elo nëmmen? Ech sinn frou, dass et Iech haut nach méiglech war, mech ze gesinn, ech weess net, wat ech soss gemaach hätt.

Dokter:
Madame,berouegt Iech, wann ech gelift. Sëtzt Iech emol, ech ginn Iech an däer Zäit e gutt killt Glas Waasser sichen.
– Voilà ! (hie gëtt der Madame d’Glas Waasser.) An als nächst moossen ech Iech dann emol de Bluttdrock.

Madame:
Merci, Här Dokter. (hëllt eng grouss Schlupp) ’t ass eigentlech eng komesch Geschicht, ech verstinn et wierklech net. Ech mengen, soss wier ech jo elo och net bei Iech komm. Am beschten erzielen ech Iech alles der Rei no. Et huet virgëschter a menger Kichen ugefaang. Fir et nach méi genau ze soen, ech souz mat enger Frëndin Germaine um Kaffisdësch. Um Stull fir genee ze sinn. Mir hunn eigentlech esou ewéi ëmmer eis Kosettercher gehalen, Dir wësst schonn …
Esou wéi dat bei de Fraleit üblech ass. Ee Kaffi, e waarme Croissant vu Bäcker um Eck, an da potere mir drop lass, esou wéi eis de Schniewel gewuess ass.

Dokter:
Madame, vergiesst elo wann ech gelift net, dass Dir elo net hei sidd, fir mat mir Kosettercher ze halen. Ech verstinn nach ëmmer net wou äre Problem genee elo läit. Wou feelt et ? Sidd dir krank? Hutt Dir Péng ?Fir éierlech ze sinn, dir maacht mir schonn e gesonden Androck.

Madame:
Ma nee, dozou kommen ech jo nach, eent nom aneren. Loosst mech dach ausschwätzen, ech gi jo soss ganz duercherneen. Wou war ech scho méi stoe bliwwen? …
Gesidd dir? Elo hunn ech dach tatsächlech de Fuedem verluer.
Sou schnell kann et goen …
An ech soen Iech, den Alter mëscht et net besser.

Dokter:
Dir waart eréischt bei ärem Kaffisdësch, Madame …
(hien huet Méi gedëlleg ze wierken, hie fänkt un mat sengem Bic ze spillen.)

Madame:
Ah jo, elo weess ech erëm …
Mir hunn ganz normal eis Kosettercher gehalen an vun engem Moment op deen aneren ass meng Frëndin ganz bleech ginn.

Dokter:
Dann ass also Är Frëndin krank an Dir wëllt just e Rotschlo? Et deet mir leed, mä an dem Fall do misst är Frëndin awer selwer heihinner kommen. Ech kann lo hei keng Ferndiagnos stellen …

Madame:
Ma Här Dokter, dann lauschtert dach emol no. Ech komme jo guer net sou richteg zu Wuert hei. (si rëselt de Kapp.)

Dokter:
Méng léif Madame, ech wëll net onhéiflech sinn, mä Dir sidd net meng eenzeg Patientin hei, ech hunn net de ganzen Dag fir Iech Zäit …
Wat ass da lass, nondikass?

Madame:
Also, mir hunn ewéi all Dag eis Kosettercher gehalen …

Dokter:
An dunn ass är Frëndin ganz bleech ginn, ech weess…

Madame:
Genau … Dir kënnt Iech net virstellen, ewéi ech mech erschreckt hunn. Ech hunn schonn ee Moment gemengt, hatt géif mir vum Stull kippen … Natierlech sinn ech direkt opgestanen an hunn d’Fënster méi grouss opgemaach, et hätt jo kéinte sinn, dass et him u frëscher Loft gefeelt huet. Sou stéckeg ewéi et deen Dag war, wier dat jo och kee Wonner gewiescht.

Dokter:
(ongedëlleg) An dunn, Madame? (weess iergendwéi net esou richteg op hie generft oder gelangweilt vun der Madame ass.)

Madame:
Germaine, wat ass lass, hunn ech hatt ganz beonrouegt gefrot, geet et dir net gutt? Wëlls de een Glas Waasser?
– An elo, Här Dokter kënnt et, dir kënnt Iech bestëmmt net virstellen, wat hatt mir geäntwert huet.

Dokter:
Do hutt Dir Recht, Madame, dat kann ech wierklech net. Obschon ech et probéiert hunn. Mä ech hoffen, Dir kommt elo endlech op de Punkt, och meng Gedold ass begrenzt …

Madame:
(entsat) Op de Punkt kommen? Ech fannen d’Drëps Waasser am volle Faass trëfft et éischter oder d’Kiischt um Kuch, do kann een jo soen, wéi een wëll.
– „Nee, geet et dir gutt“, huet hatt mech do ganz entgeeschtert a mat groussen Ae gefrot … Ech mengen mäin Bouf huet mech deemools genee sou entgeeschtert gekuckt, wéi e gewuer ginn ass, dass et de Kleeschen net wierklech gëtt. Dann verstitt Dir, wat ech mat entgeeschtert mengen.

Dokter:
Ech verstinn net nëmmen dat, Madame. Souguer dat mat der Drëps Waasser hunn ech verstaanen, ech fanne souguer et kéint een soen, d’Mooss ass voll.

Madame:
Gutt … Gesitt Dir, Här Dokter, ech wosst, dass et net verkéiert ass, domat bei Iech ze kommen.

Dokter:
(ganz ongedëlleg) An dunn, Madame, an dunn? Dir wäert jo elo endlech op de Punkt kommen? Wou läit dann elo Äre Problem? Ech verstinn et bis elo nach ëmmer net …

Madame:
Wou war ech dann elo stoe bliwwen? Ah jo, elo weess ech et erëm.
Haut géif e bal mengen, ech hätt e Gehir ewéi eng Seibecken oder ewéi eng giel Plastikstut voller Rëss. (muss selwer iwwert dee Verglach laachen, erschreckt awer direkt iwwert déi Reaktioun.) Entschëllegt, an der leschter Zäit geschitt mir dat heiansdo. An ech kann absolut näischt dogéint maachen, ech hunn et scho probéiert.

Dokter:
(versteet zwar net firwat d’Madame sech entschëllegt) Ma dat ass dach net esou wëll, Madame. Dat kënnt jidderengem alt mol vir, ech fannen net, dass een sech dofir entschëllege muss.
Wou war Dir scho méi stoe bliwwen?

Madame:
Meng Frëndin war ganz bleech. An hatt huet mech ganz entgeeschtert gekuckt. Sou ewéi Dir elo och …
Ech mengen elo awer entgeeschtert an net bleech.

Dokter:
(säi leschte Fonke gutt Laun huet sech elo och duerch d’Bascht gemaach.) Madame, ech setzen Iech gläich den i op den Punkt, äehm, de Punkt op den i. Dir maacht mech hei e bësse mautsch …

Madame:
Et ass jo gutt, hetzt mech dach net esou. Dat ass net gutt fir mäin Bluttdrock, ech sinn jo haut schonn sou ziddereg. Ech mengen, et ass mir och dronken …
Meng Frëndin huet mech dach net tatsächlech gefrot, ob mir eppes geschitt ass.

Dokter:
Dir hat also een traumatescht Erliefnis?

Madame:
Ma nee, nach schlëmmer …
Den éischte Moment hunn ech gemengt, ech hätt een allergeschen Ausschlag, eng déck Eess oder soss eppes am Gesiicht. Hat ech awer net, dat hunn ech am Spigel nogekuckt, ewéi ech mech ënnert engem Virwand an d’Buedzëmmer geschlach hunn. Wat ass dann esou grujeleg, hunn ech hatt dunn awer misse froen. Ech muss nach dobäi soen, dass ech mir guer net sécher war, ob ech d’Äntwert iwwerhaapt wëll wëssen.

Dokter:
Dat sinn ech mir och net.

Madame:
Wat gelift? (si ass sech net sécher ob se den Dokter richteg verstanen huet.)

Dokter:
Entschëllegt, … ech hatt just haart geduecht …
Wou ware mir stoebliwwen? Wat war dann elo esou grujeleg? E bësse virwëtzeg hutt Dir mech scho gemaach.

Madame :
„Du hues elo grad sou häerzhaft gelaacht“, huet hatt mir dunn ganz verstéiert g’äntwert, dat huet mech nawell erféiert. „Dat ass een vun dir jo net méi esou gewinnt“, huet hatt dunn nach hannendrun gesot.
– Oh, Här Dokter stellt Iech emol vir, souguer säi Kapp huet hatt dobäi gerëselt, e Wonner dass deen ëm net vun de Schëllere gefall ass. Een Ablack hunn ech gefaart, hatt géif mech froen, ob ech Droge géif huelen. Oder nach schlëmmer, ob ech an enger Sekt wier. Esou huet hatt jo och gekuckt. Wéi wann et hatt net géif wonneren, wa Marsmännercher géife bei mir schelle fir mech matzehuelen. Einfach nëmme schrecklech, ech hunn mech geschummt, ouni sou richteg ze wësse firwat. Dee Moment hätt et mech eigentlech net gewonnert, wann et wierklech u menger Dier geschellt hätt …

Dokter:
(lauschtert ganz opmierksam no, hie kuckt zwar besuergt a mecht sech Notizen a säi Block.) Madame, ech hoffen, dass dat mat der Sekt net zoutrëfft. Wéi Dir wësst, ënnerleien ech der ärztlecher Schweigepflicht. Dir kënnt Iech mir uvertrauen, mir wäerte schonn e Wee aus där Misär fannen. An och mat Drogen ass net spaassen, dat wäert Iech jo bewosst sinn? Sécherheetshalwer ginn ech Iech een Informatiounsdépliant mat, Dir maacht mir lo awer e liicht labillen Androck. Ech fannen, Dir hutt scho genuch matgemaach. Wann ech do nëmmen un äre léiwe verstuerwene Mann denken, dee géif dat och net fir Iech wëllen …

Madame:
Oh Mamm, ech wëll guer net drun denken …
A scho guer net driwwer schwätzen. Wéinstens waren eis awer e puer schéi Joer vergonnt, ier e vun dem Taxi iwwerrannt gouf. Mä Drogen, ëm Gottes Wëllen nee, wou denkt Dir hin? E Patt Rouden an allen Éieren, mä méi wäit geet et bei mir net …
An ech sinn gewass an enger Sekt, misst Dir mech net esou lues besser kennen? Wéi laang sinn ech scho Patientin bei Iech? Wëllt Dir mir ënnerstellen, ech hätt d’Männercher net méi der Rei no do sëtzen?! Ech muss scho soen, souguer méng Schrauwen hunn ech nach all. Dir hudd mir nogelauschtert, ma et läit dach op der Hand …

Dokter : Dir hudd gelaacht, Madame. Souguer vun Häerze gelaacht, wann ech dat richteg verstanen hunn. Dat ass dach kee Ënnergang.

Madame:
Nee, mengt Dir net? Sidd Dir Iech sécher, Här Dokter? A wann eppes net mat mir stëmmt? Sollte mir net sécherheetshalwer eng Blutanalys maachen? Kéint et eventuell um Blutdrock leien? Déi erdréckent Hëtzt dobaussen erdréit dach kee Schwäin, wonnere géif et mech net wann et dorunner leie géif. Wéi gesitt Dir dat Ganzt? Et ass scho Joeren hier, dass ech fir d’lescht esou gelaacht hunn, et kënnt mir vir wéi wann dat och eréischt gëschter gewiescht wier. Sou fillt sech all verluerene Moment mat mengem Mann un. Da verstitt Dir elo och firwat mech dat alles sou beonrouegt.

Dokter:
Madame, fir mech ass dat e ganz kloere Fall. Meng Diagnos wäert Iech wahrscheinlech iwwerraschen, mä ech hoffen, dass Dir den Dout vun Ärem Mann endlech richteg iwwerwannt a gutt domadder eenz gitt. Eent kann ech Iech direkt soen, Dir sidd NET krank. An dat ass och gutt esou. Ech kann Iech am Fong just een Tipp mat op de Wee ginn, ech wëll jo net, dass Dir fir näischt heihinner komm sidd.

Madame:
(ass ganz opgereegt, si rutscht nervös op hirem Stull hin an hier) Wat ass et dann, Här Dokter? Da sot mir et schonn. Ech hunn schliisslech net de ganzen Dag Zäit fir mat Iech ze poteren. De Buttek mëscht gläich zou an ech misst nach akafe goen. Ech hunn nämlech keng Mëllech méi am Frigo an ech menge Kaffi ass och bal kee méi do …
Oder war et den Zocker?

Dokter:
(him räisst de Gedoldfuedem, hie steet op.)
Madame, lauschtert mir elo gutt no, ech widderhuele mech duerno net méi. Dir sidd nees glécklech. Ganz einfach. Net méi an och net manner. Profitéiert dovun esou laang ewéi et geet. D’Liewen ass kuerz, vill ze kuerz. Dat misst Dir jo am Beschte wëssen. D’Welt dréint sech a Madame, esou leed ewéi mir dat deet, se waart net op Iech. Gidd eraus a kuckt hir beim Dréinen no, Dir wäert gesinn et lount sech. Ons Welt ass e wonner-schéint Kiermeskarussell an dir sëtzt matzen dran. Ech hoffen, Dir hudd mech elo verstanen.

Madame:
(si ass duercherneen.) Här Dokter, ech verstinn net ganz … (si waart op weider Erklärungen.)

Dokter : Madame, Dir strapazéiert meng Gedold. An all deene Joeren hei als Dokter, hunn ech esou eppes ewéi Iech nach ni erlieft. Ech sinn paff. Soll ech et Iech schrëftlech ginn? Sidd glécklech. Laachen ass gesond.

Madame:
Sidd Dir Iech do wierklech ganz sécher? Ass Laachen esou gesond ewéi een seet? Et ka mir do bestëmmt näischt geschéien? Ech hunn Réidercher jo zum frecke gäre dat heescht awer nach laang net, dass ech se wëll vun ënnen ukucken. An dat just wëll iergendeen Dabo behaapt huet: „Laache wier gesond“. Wat ass dann, wann ech zum Beispill laachen a mech dann verschlécken? Ass dat net geféierlech? Ech kennen do nämlech eng Geschicht. Déi ass enger Frëndin vun enger Bekannten geschitt. Huet déi sech dach net tatsächlech un engem Glas Grenadine verschléckt. Erdronk wier se bal … Oder seet een dann erstéckt? Dat misst Dir als Dokter jo eigentlech wëssen. Ech ka mir nawell virstellen, dass eng Verzerrung am Bauch näischt Schéines ass. Et seet een jo mol, dass een de Bauchwéi vum Laachen huet. Dës ganz Laachgeschicht gesäit mir schonn zimlech onsécher aus. (si kuckt den Dokter ganz seriö a waart op seng Äntwert.)

Dokter:
Madame, mir ginn d’Wierder esou lues aus. Wat soll ech do nach soen? Esou ass d’Liewen. C’est la vie, sot och schonn de Fransous, an du souz en mat sengem Aarsch am Frittefett. – Dir verstitt, wat ech domat soe wëll? E gewëssene Risiko ass bestëmmt bei allem wat mir maachen. Mir duerfen eis just net dovunner ënnerkréie loossen. Sidd dir e Mënsch, dee vill hofft, Madame?

Madame:
Här Dokter, d’Hoffnung stierft fir d’lescht.

Dokter:
A genee dat ass falsch, Madame. Loosst d’Hoffnung dach endlech stierwen, se frësst Iech just all Dag e bësse méi op. D’Hoffnung ännert näischt, si steet just do, bis dass Dir net méi do sidd. Fänkt mam Liewen un. Vertraut. Vertraut op Iech, op d’Welt, op Äre Wëllen eppes ze beweegen an Dir wäert gesinn, dass et all Dag e klengt Stéck no vir geet. Vertraue beweegt net nëmmen d‘ Welt. Se hält eis zesummen.

Madame:
Oh, ma wann Dir dat sot ! Ech weess net wat ech dovun soll halen … Ech loosse mir déi Saach einfach mol duerch de Kapp goen, schuede kann et jo net.
Dokter : Bestëmmt net méi wéi laachen, Madame. Dat kann ech Iech souguer mat Garantie soen.

Madame:
Hm …

Dokter:
Ech ginn Iech hei nach eng Telefonsnummer vun engem Aarbechts-kolleg vu mir mat. Hien ass éischter op deem Gebitt, … äehm, … an deene Froe spezialiséiert, hie kennt sech och ganz gutt mat Laach-Traumapatienten aus.

(d‘Madame weess elo net ob si laachen oder kräische soll, si steet ganz lues op an si geet an Richtung Dier.)

Dokter:
(rifft si nach eemol.) Madame, kennt Dir den Sekonnewitz?

Madame:
Neen … ?!

Dokter:
Majo deen ass elo eriwwer. Meng Sekretärin gëtt Iech nach d’Rechnung vun ménge Mémoires d’Honnaires mat. Ech wënschen Iech nach e schéinen Dag. A wann Dir Iech tommelt, da schafft Dir et nach bis an de Buttek, éieren zou mecht. Et wier jo wierklech blöd, wann Dir bei dëser Hëtzt nach bis op Tankstell lafen misst, … oder ? (hien grinst iwwert ganz Gesiicht.)

(D’Madame rëssel de Kapp a geet schnell aus dem Behandlungszëmmer.)

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s