Duerch meng schlecht Erfahrung mam ‚Stiefkind‘ Buch, hunn ech laang gezéckt, dëst Buch ze liesen.
De Klappentext kléngt nämlech no Gaslicht-Roman.
An och wann et an der Geschicht ëm eng Ierfschaft, al (an nei) Léift an ee mysteriéist Familljegeheimnis geet – d’Autorin Anna Romer huet et vill besser ëmgesat kritt.
D’Audrey huet vu sengem Ex-Frënd (a Papp vum Kand) een alt Haus geierwt.
Well déi zwee op Wunnengssich sinn, ass séier kloer, dass si een Neiufank do starte wëllen.
Si fannen Uschloss, Frëndschaften gi geschloss, d’Audrey léiert dem Tony seng Familljegeschicht kennen.
Déi war net ëmmer einfach, Gewalt huet dacks eng Roll gespillt.
Ausserdeem schéngt eppes net ze stëmmen …
Firwat hunn déi Gewaltverbriechen vun deemools, nach esou staark Auswierkungen op d’Géigewaart?
Gouf dem Tony säi Bopa zu Onrecht beschëllegt?
A wéieng Roll spillt den Hobbs bei där ganzer Saach?
Nodeems d’Audrey een Dagebuch fënnt, kënnt hatt der Léisung ëmmer méi no.
Sinn déi zwee elo a Gefor?
Mir huet d’Athmosphär am Buch ganz gutt gefall, d’Autorin beschreift d’Landschaft esou detailléiert, dass Loscht op Australien opkënnt.
D’Personnagen hu Charakter, zumools den Hobbs huet mir et ugedoen, allerdéngs weess een net wierklech op hien ee vun de Gudden ass.
Mä duerch Dagebuch, an al Bréiwer, bleiwt de Lieser net am Ongewëssen.
Et mécht Freed, dem Audrey beim Detektiv spillen iwwert d’Schëlleren ze kucken.
D’Buch huet e bësse vun allem – Mystery, Krimi (mat engem klengen Thriller-Touch), a Romantik (déi leider e bëssen ze kuerz kënnt).

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s