Ee vu menge Liiblingsfilmer ass ‚Das Mercury Puzzle‘, ech war och vum ‚Das Kartenhaus‘ faszinéiert.
An dëse Filmer gëtt Asperger/Autismus thematiséiert.
Targa, ee vun eisen Protagonisten ass dovunner betraff.
Ech war richteg fierwëllzeg op dëst Buch!
Schonn de Prolog geet zimmlech spannend un – een Auto bleiwt hannert enger Klink stoen, eng jonk Fra leet (gezwongenermoossen) Zwillingen op d’Trap.
Dono wielt dës Fra, d’Luisa de Fräidout.
D’Zwillinge gi fonnt, allerdéngs iwwerliewt just eent vun hinnen.
D’Targa.
30 Joer dono erschéisst eng Fra sech, an dat ass eréischt den Ufank.

D’Targa ermëttelt undercover, der Police ass nämlech bewosst, wien dofir verantwortlech ass – de Falk Sandman.
Dem Targa säi Charakter, seng rational Denkweis gefält mir ganz gutt.
An de Falk ass een interessante Géigespiller, hien ass charmant a richteg manipulativ.
Dat ass eng geféierlech Mëschung.
D’Geschicht gëtt eis aus deenen zwou Perspektiven erzielt, heiansdo kënnt och een Kapitel mat engem ominéise Gefaangenen, laang weess de Lieser net, wat hien mat der Handlung
ze dinn huet.
Mat wiem däerf hien heiansdo skypen?
Ass hie wierklech esou geféierlech?
A kritt Targa de Falk gestoppt?
Oder fënnt hatt zum schlechtesten Zäitpunkt eraus, dass och hatt Gefiller huet.
Interessant ass, wouhier d’Targa säin Numm huet, ech hoffen, dass seng Vergaangenheet an engem nächste Band méi genee beliicht gëtt.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s