Viru Joeren hunn ech emol ee Vers iwwert d’Lizzie Borden gelies, direkt dono hunn ech mech stonnelaang amuséiert alles iwwert dëse Kriminalfall ze recherchéieren.
Mat dësem Buch hat ech elo d’Méiglechkeet, eng fiktiv Geschicht, zu dëser realer Vergaangenheet ze liesen.
Wat dem Lieser direkt opfält, ass d’Schreifweis, se liest sech angenehm.
Se ass schéin.
Dat ass een interessante Kontrast zu der Brutalitéit, där een alt mol begéint.
Heiansdo huet een de Geroch vu Blutt esou staark an der Nues, dass een e scho bal net méi lass gëtt.
An och d’Hammelfleesch läit engem schwéier am Mo …
Et ass nach ëmmer net gekläert, wien de Pappa Borden (an d’Stéifmamm) ëmbruecht huet, ech ka mir awer virstellen, dass net nëmmen d’Lizzie ee Grond hat.
Hatt schéngt och een Affer ze sinn.
Ass hatt geeschteg iwwerhapt normal?
Oder besteet eng Tendenz zur Schizophrenie?
Verschidden Gedanken vun him, si schonn granzwäerteg an definitiv gestéiert.
Dës Gedanken liese mir a kursiver Schrëft.
D’Geschicht huet dräi Deeler, se gëtt eis aus verschiddene Perspektiven an Zäitzonen erzielt – mir léieren d’Lizzie, seng Schwëster Emma, d’Déngschtmeedchen Bridget an de Benjamin kennen.
Spannend ze gesinn, wéi ënnerscheedlech déi selwescht Saach oder Persoun betruecht ka ginn.
D’Autorin huet sech och grouss Méi gemaach, net nëmmen d’Hannergrënn ze recherchéieren, mir liesen och vill iwwert den deemolegen Liewensstil vun de Mënschen.
An dann déi Borden-Famill, déi hunn all eng mat der Ratsch, ee méi ewéi deen aneren.
D’Grondstëmmung vum Buch ass zimmlech morbid, et weess een net esou richteg ob een ugeekelt oder faszinéiert soll sinn …
Wann een d’Buch gelies huet, versteet een och, dass de Cover gutt getraff ass – d’Uspillung mat der Bier passt perfekt.
‚Seht, was ich getan habe‘, ass dem Sarah Schmidt hieren Debütroman.
Bravo!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s