Der Junge, der mit dem Herzen sah

D’Buch ‚Der Junge der mit dem Herzen sah‘, huet eng wichteg Lektioun fir eis.
De Milo (9 Joer) gesäit krankheetsbedéngt nëmmen nach duerch ee klengen Sputt, hien ass bal blann.
An awer gesäit hien vill méi, ewéi sou munch anerer vun eis, hien huet ee bessert Gefill fir d’Detail.
Dat huet seng (Ur)Boma mat him trainéiert – mä leider ass si elo an engem Altersheim.
Dem Milo fält séier op, dass et an deem Heem, net esou gutt leeft, wéi et eigentlech sollt, d’Bewunner ginn net gutt behandelt.
D’Chefin wëll sech Täsche just voll Geld scheffelen, ouni vill dofir ze maachen.
Mat Medikamenter ginn déi al Leit roueg gestallt, se ginn net gewäsch, se däerfe sech kee Luxus gönnen, asw, …
Och dem syrische Flüchtling Tripi (deen elo als Kach do schafft) fält dat op.
Dës ongewéinlech Persounen frënden sech un, si setzen sech an de Kapp d’Mëssstänn opzedecken an deenen ale Leit ze hëllefen.
D’Buch gëtt aus verschiddene Perspektiven erzielt – de Milo, d’Sandy (d’Mamm), d’Lou (d’Boma), an den Tripi.
Och wann den Text éischter eng schwiereg Thematik huet, läit d’Geschicht engem awer net allze schwéier um Mo.
Am Buch geet et awer net nëmmen ëmmer schlecht Zoustänn am Altersheem, et geet och ëm Famill, Scheedung, nei Partnerschaften a Frëndschaften.
Et ass intensiv.
Ee vun de Messagen ass – ënnerschätzt d’Kanner net. Se gesinn, verstinn a wëssen méi, wéi mir mengen.
Hieren Gerechtegkeetssënn ka bemierkenswäert sinn.
Bei trageschen Bicher ass d’Happy End ëmmer Usiichtssaach, maacht Iech einfach selwer ee Bild.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s