Dëst Buch kéint een duerch säin einfache Klappentext liicht verpassen, et stécht nämlech vill méi dran, wéi een ufanks mengt.
D’Geschicht huet eis wierklech vill ze bidden, ech war iwwerascht.
D’Avery an de Colin hunn net nëmmen d’Schwammen gemeinsam – si hunn och ee Fligerongléck iwwerliewt.
Et ass eng emotional Geschicht, mir erliewen den Ofstuerz mat hinnen, a kucken hinnen iwwert d’Schëlleren, wann se ëm d’Iwwerliewen kämpfen.
An där Zäit, droen déi zwee och nach d’Verantwortung fir dräi Kanner, dës kleng Jongen hunn alles verluer.
De Lieser fillt mat.
Mir liesen aus zwou Perspektiven – Zäit vum Ongléck, d‘ Deeg dono, an Zäit nom Ongléck, no der Rettung.
Zumools dës Zäit huet mir et ugedoen, psychologesch huet d’Autorin dëst tipptopp ëmgesat.
D’Angschtzoustänn, d’Flashbacker, PTBS, et ass zum Gräifen no.
Richteg dramatesch.
D’Avery ass der Meenung, dass hatt de Colin vergiesse muss, fir dëst Ongléck hannert sech ze loossen.
Et ass allerdéngs genee ëmgedréit, zesumme kréie si hier Erliefnisser besser verschafft, a si sinn prett fir erëm no vir ze kucken.
An ze liewen.
Zwou Froen déi de Lieser sech stellt, sinn:
– Traut d’Avery sech erëm an d’Waasser?
– A fannen déi zwee sech?

Liest d’Buch a fannt et eraus.
A stréckt Iech un, et gëtt een turbulente Fluch …

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s