Ech hunn d’Buch duerchgelies, allerdéngs hat ech Schwieregkeeten an d’Geschicht eranzekommen, dat huet sech och net geluecht, leider.
Ech hätt mir gewënscht, d’Buch hätt e bëssen méi Perséinlechkeet, mam Vega als Protagonist wier d’Potenzial nämlech do gewierscht.
Ier hien Ermëttler gouf, war hien esou eppes ähnleches ewéi Paschtouer.
Fir d’Arméi.
Et wier flott gewierscht, wann dës Tatsaach net nëmmen eng Randnotiz gewierscht wier, dorausser hätt ee bestëmmt eng flott Niewenhandlung kéinte maachen.
Och seng privat Schwieregkeeten mat senger Chefin (an Ex) komme leider ze kuerz, et huet een dacks d’Gefill, et géif eppes feelen.
A firwat këmmert hien sech ëm een drogenofhängegt Meedchen?
D’Handlung u sech ass net schlecht, et muss ee Mäerder gesicht ginn, an dat ass guer net esou einfach, Doudesëmstänn erënneren de Vega un ee fréiere Fall.
Ass et dee selweschten Mäerder?
Firwat huet hien sech Jugendlecher erausgesicht?
Gëtt et iwwerhapt ee Grond?
Kréien d’Ermëttler hien virum nächsten Ongléck gestoppt?
Gutt, ech hunn d’Erzielung spannend fonnt, wier ech net esou vun der Geschicht iwwerzeecht gewierscht, hätt ech d’Buch wahrscheinlech ofgebrach.
Mä ech wollt awer wëssen, wéi et weidergeet, wat ech dovunner hale soll, weess ech nach ëmmer net esou richteg.
Wie weess, villäischt liesen ech et nach eng Kéier, an da klappt et besser mat eis zwee.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s