Puh, wat soll ech soen?
Sidd gewarnt, dëst Buch ass krass.
Witzeg an traureg zugläich, et fält vun engem Extremt an dat anert.
Op der Säit 43 hunn ech dat éischt Nuesschnappesch gebraucht, op der Säit 68 hunn ech opgehalen se ze zielen, ech wosst, et kommen der nach vill dobäi.
Ech hunn dacks missen mam Liesen pauséieren, ech hunn d’Säiten net méi kloer gesinn, sou vertréint, verschwommen waren meng An.
Et war de Wahnsinn, awer op eng gutt Aart a Manéier.
D’Buch ass an 9 Deeg opgedeelt, an deenen Deeg, begleeden mir d’Rabbit (a seng geckeg Famill) beim Stierwen.
Hatt huet Broschtkriibs am Endstadium, d’Geschicht fänkt mat sengem éischten Dag am Hospiz un.
Wat dës Geschicht esou tragesch mécht, ass den Humor, deen eis op all Säit begéint.
Nodeems ee gelaach huet, huet ee scho bal ee schlecht Gewëssen – ëmmerhin stierft d’Rabbit.
Mä déi ganz Famill Hayes ass eng ganz gelungen, chaotesch, liewensfrou Gesellschaft, et schléisst een se all an d’Häerz.
An och wann d’Rabbit ee fiktiven Charakter ass, Trauer nom Liesen ass echt.
Mir léieren hatt am Elo kennen, allerdéngs begleeden mir hatt och zäitweis a verschidden Episoden aus sengem Liewen.
D’Buch gëtt och aus verschiddene Perspektiven erzielt – dorënner sinn natierlech d’Rabbit, seng Elteren, seng Gesëschter, seng Duechter, an och Frënn.
Dat suergt fir verschidden ‚Verschaffmanéieren‘ an Emotiounen.
Ganz grousse Kino!
Ee Moment hunn ech mir souguer iwwerluecht, ob ech d’Buch ofbrieche soll – soll ech hatt wierklech stierwe loossen?
Ech hu missten weiderliesen, et war wichteg, richteg ofzeschléissen.
Et bleiwt natierlech net aus, dass de Lieser sech och Gedanken iwwert seng Gesondheet a Famill mécht.
An ech schumme mech net, Iech ze soen wéi et ass – de Schluss huet mech iwwerwältegt, ech hu gepinscht, ewéi scho laang net méi.
All meng Ängscht, Suergen, Zweifel, Hoffnungen an Erënnerungen sinn héichkomm, an dono, hunn ech mech sou gutt wéi scho laang net méi gefillt.
Dëst Buch ass bestëmmt net fir jiddereen, mä déi, wou et liesen, wäerten d’Geschicht nach laang am Häerz droen ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s