Girl with no past

Dëst Buch war voller Geheimnisser, dat huet mir ganz gutt gefall!
Eis Haaptprotagonistin Leah huet a senger Jugend eppes schlëmmes, traumatesches erlieft, hatt fillt sech och haut nach schëlleg dowéinst.
Wat genee dat ass, an op hatt tatsächlech Schold op sech gelueden huet, liese mir eréischt zum Schluss vun dëser Erzielung.
E beemol fillt hatt sech a senger sozialer Isolatioun bedroht, hatt kritt komësch Emailen – iergendeen schéngt iwwert seng Vergaangenheet Bescheed ze wëssen.
Mä wien?
Wéiee Grond huet hien, hatt ze bestrofen?
D’Zäitzonen änneren sech heiansdo; 1999/2000 léiere mir d’Leah a seng Frënn als Schüler kennen, och déi éischt Léift klappt un d’Dier.
Verschidden Auszich sinn vun 2003, an dann ass natierlech 2014 do – d’Géigewaart.
Dës Wiessel hëllefen vill, de Lieser versteet besser, firwat d’Leah sech fir een einfacht Liewen entscheed huet.
D’Schreifweis vun der Autorin ass roueg, awer fesselnd, ech wollt just ee kuerzen Bléck an d’Buch geheien – a schwupps hat ech et duerchgelies.
Ech ass villäischt schwéier nozevollzéien, mä ech konnt mech gutt an d’Leah eraversetzen.
A seng Ängscht, seng Scholdgefiller, säi Mësstrauen, a jo, och a seng sozial Isolatioun.
D’Buch liewt vun dëse Gefiller, et kann ee kaum erwaarden ze liesen, wéi et souwäit komme konnt …
Op et een Happy-End gëtt?
Ech denken, dat ass Usiichtssaach, a vun Mënsch zu Mënsch verschidden.
Mir treffen dach all mol vun Zäit zu Zäit falsch Entscheedungen, mä net all, huet de Rescht vun eisem Liewen Afloss op de weideren Verlaf.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s