Dëse Jugendroman vum K.A Harrington ass nawell richteg spannend, ech wollt just e puer Säiten liesen, an ier ech mech versinn hunn, war ech domat fäerdeg.
D’Geschicht geet schonn traureg un, de Flynn, dem Morgan säi Frënd ass bei engem Akkzident ëm d’Liewe komm.
Hie gouf brutal iwwerrannt.
3 Méint dono, entdeckt d’Morgan duerch Zoufall dem Evan säi Profilbild op engem Social Media Kanal.
Hatt erféiert, hie gesäit d’selwescht aus ewéi de Flynn.
Mä wéi kann dat sinn?
Ass et ieren säin Zwillingsbrudder?
Oder gouf d’Morgan belunn, an de Flynn liewt nach?
Firwat dës falsch Identitéit?
Zesumme mam Morgan senger beschter Frëndin Tony, an dem Cooper, dem Tony sengem Brudder, fänke si u mat fuerschen.
Dat ass allerdéngs net ganz ongeféierlech.
Wat hunn dem Morgan seng Elteren ze verstoppen?
Huet de Ruin vun enger aler Pharmafirma eppes mat de Geschéinisser ze dinn?
Eent kann ech Iech nach verroden – et ass net esou ewéi et schéngt.
Dir wäert iwwerascht sinn!

Ech leeën Iech dësen rouegen Jugendthriller un d’Häerz, Dir wäert sécher e puer spannend, rätselhaft Liesmomenter mat dësen Teenager verbréngen.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s