Herzenskalt

Herzenskalt ass den Ufank vun enger Rei, mir wäerten nach villes vum Marnie, dëser taffer Polizistin liesen.
Ech sinn op jidde Fall gespaant, wéi et privat mat dëser Ermëttlerin virugeet, d’Niewegeschicht mat sengem Pflegebrudder ass et definitif derwäert, ech géif mir souguer wënschen, dass dës Geschicht an engem eegene Band thematiséiert gëtt.
Potenzial ass dofir do.
Ewéi scho gesot, ass d’Marnie ee vun eisen Haaptprotagonisten, ënnerstëtzt gëtt hatt vum Noah, sengem Partner, a vum Ed, hien iwwerhëllt d’Roll vum gudde Kolleg.
Den Opbau vun dësem Thriller ass iwweraschend, d’Verbriechen wat op den éischte Säiten d’Thema ass, réckelt no e puer weideren Säiten zur Niewenhandlung, een neit, an net manner brutalt Verbriechen muss opgeklärt ginn.
Ee versichtene Muerd an engem Fraenhaus muss opgeklärt ginn, et sti vill Froen am Raum …
Wéi ass dee Mann do erakomm ginn?
Firwat huet hien d’Messer ofkritt, an net seng Fra?
War et wierklech Noutwier, oder stécht eppes aneschter dohannert?
Fannen d’Ermëttler d’Wourecht mat Zäiten eraus?
Et ass zwar knapp, mä jo, d’Marnie an den Noah klären de ganze Fall op.
D’Opléisung huet mech iwwerascht, et war perfekt.
Dorop kënnt bestëmmt keen beim Liesen, dëst Maträtselen, d’Spannung an d’Iwweraschungen maachen zum groussen Deel ee gudden Thriller aus.
D’Buch enthält gudden Dialog, do gëtt et vu menger Säit näischt ze meckeren.
Et laacht een op de richtege Plazen, aner Stelle si fir d’Iwwerleeungen, anerer fëllen just eng Lück, an nach anerer sinn immens wichteg fir de Plot.
Mir liesen d’Geschicht a verschiddene Perspektiven, dëst ronnt dat Ganzt of, esou kritt ee verschidden Abléck, Emotiounen, a Siichtweisen ze liesen.
Vun den Ërmëttler, den Täter an och den Affer.

 

Ech hat d’Buch an Zäit vun e puer Stonnen eran, dat seet jo schonn sou munches iwwert d’Handlung aus – se huet mech gefesselt!

Veröffentlicht in btb

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s