Chroniken von York

Ech menge ganz, 2018 ass d’Joer vun de gudde Bicher.
Ech hunn nees ee Buch gelies, den éischten Androck (de Buchcover) suergt schonn fir een Wow-Effekt – d’Geschicht tëscht de Buchdeckelen ass fantastesch!
Wat d’Autorin aus dësem fiktiven New-York gemaach huet, ass een Dram.
An net nëmmen aus New-York, och aus de Charakteren an der Technik.
Et gëtt ee Lift, deen all Kéier een anere Wee huele kann, aplaz vun engem Bus benotzen déi meescht Leit d’Underway, dat ass eng ënnerierdesch Raup, déi sech duerch d’Stroosse wullt, et gëtt ee Butler a Ritterüstung – natierlech mam passenden Numm Lancelot, an nach esou vill méi, Dir wäert vill Freed hunn, dat alles z’entdecken …
Einfach wonnerbar 😍
Mat ganz villen Detailer erwaart eis eng rätselhaft Geschicht an ee Code, deen nach ni geknackt gouf.
Dëse Code gouf 1855 vun de Morningstar-Zwillingen entwéckelt, si sinn spurlos verschwonnen.
Deejéinegen, deen dëse Code knackt, gëtt mat engem Schatz a Räichtum belount.
150 Joer dono, huet een Immobilienhai een Morningstar-Haus kaf, d’Bewunner sinn net frou, dass se hiert Doheem opgi mussen.
Ënnert de Bewunner sinn den Theo a seng Schwëster Tess (Zwillingen).
Fir d’Haus ze retten, decidéieren si sech, zesummen mat hierem Frënd Jamie op Schatzsich ze goen.
Dat ass net ganz ongeféierlech, mä villäischt bréngt et hinnen jo Gléck, dass si no de Morningstar-Zwillingen benannt goufen?
Oder net?
D’Charakteren sinn wierklech eenzegaarteg, et ass ee Genoss, jiddereen vun hinnen kennenzeléieren …
Si begéine sech, mat ganz vill Witz a Charme.
Op hierer Schatzsich erliewen si allerlee, lues komme si dem rätselhafte Code méi no.
Natierlech hu se zäitweis och e bëssen Hëllef, mä ass wierklech jiddereen op hierer Säit?
Bréngen se sech, an och anerer net zevill a Gefor?
D’Buch ass den Ufank vun enger Trilogie, et ass grad sou richteg
spannend, an dann – Bumm.
Et ass eriwwer.
Dat ass richteg fies, ech si gespaant, wéi d’Autorin dëst nach toppe wëll.
Wéi geet et weider?
Wéieng Affer mussen d’Kanner nach bréngen, fir dem Code endlech op d’Spuer ze kommen?

Ganz éierlech?
Wann Dir dëst Buch net liest, da verpasst Dir eng! ❤

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s