Zum Steven Uhly sengem Buch fält mir spontan direkt ee Wuert an – Wow!
Ech hunn Marie an engem Rutsch duerchgelies, ech konnt awer net direkt driwwer schreiwen.
Et huet vir d’éischt missen e bëssen sacken.
Et ass eng zimmlech hefteg Geschicht.
Hefteg, well se no un der Realitéit spillt.
E puer Säiten gi schonn duerch, fir ze verstoen, dass eis eng ganz ellen Tragödie erwaart.
De Lieser fillt dëst och, mir sinn dacks d’Schudderen de Réck rofgelaf.
Ech hunn de Kapp misse rëselen, ech war rosen an traureg.
Ech konnt et bal net gleewen.
Am léifsten hätt ech meng Kanner aus dem Bett geholl, a se eemol gutt an den Aarm geholl!

D’Chiara kritt vu sengem Brudder Frido eng Geschicht erzielt …
Glécklech erzielt hatt senger Mamm se weider, a kasséiert eng op de Bak.
Am Frido senger Erzielung schéngt ee Kär Wourecht ze stiechen, Säit fir Säit deckt sech d’Familljegeheimnis op.
A gleewt mir, dat ass gewalteg!
D’Veronika, d’Mamm, vernoléissegt hier Kanner, et kann ee souwäit goen ze soen, dass si guer net méi liewt, nëmmen nach op Autopilot ass.
Dofir këmmert de Frido sech ëm de Stod a seng kleng Gesëschter.
Mä op dat gutt geet?
Wéilaang kënne si dës Fassad oprecht behalen?
Kréie si d’Kéier nach mat Zäiten?
Wat muss dofir geschéien?
Dës Äntwerten kritt Dir all am Buch …

De Buchcover ass trotz senger Schlichtheet markant, en erënnert mech u Stären.
An och wann e mengt, dëst hätt näischt mat der Geschicht ze dinn, sou hunn ech meng ganz eegen Interpretatioun dozou.
Ech hunn nämlech ee verzweifelte Mann kannt – dësen huet sech fir den Fräidout entscheed.
Eng vun deene leschte Saachen, déi e gemaach huet, war eppes stäerförmeges op den Auto ze ritzen.
Fir mech heescht dat:
‚Eng Stäerschnupp‘.
Dir hudd ee Wonsch fräi!
A genee esou ass et och mat dësem Buch, och wann et net esou ausgesäit, et besteet nach Hoffnung.
Alles gëtt gutt!

Wat ech net wosst:
‚Marie‘ ass de Folgeroman, de Roman ‚Glückskind‘ spillt virun dëser Zäit.
Dat huet mech net gestéiert, elo sinn ech awer fierwëllzeg.
D’Buch ass bestallt, ech géing gären wëssen, wéi et souwäit komm ass …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s