17 Erkenntnisse über Leander Blum ass ee Jugendbuch a kënnt aus dem Loewe Verlag.
De Leander a säi beschte Frënd si Graffitisprayer, hiere gréissten Dram ass et, eng grouss Mauer ze fannen, an hiert ‚Masterpiece‘ drop ze veréiwegen.
An do ass och nach d’Lila, hatt léiert de Leander an der Schoul kennen.
Hatt fënnt hien interessant, mä hatt bild sech virschnell eng Meenung zu dësem rouege Sprayer.
Déi falsch.
No an no, duerch 17 Erkenntnisser iwwert de Leander Blum, léiert hatt hien richteg kennen – a gär hunn.
Mir liesen d’Buch aus deenen zwou Perspektiven.
Déi zwee kéinten ënnerscheedlecher net sinn, dëst mécht ee gudde Krack Spannung aus.
Fanne si sech?
Komme se net zevill, aus verschiddene Welten?
No deenen éischten Kapitelen stellt de Lieser fest, dass et dem Leander net esou gutt geet, wéi ufanks geduecht.
Sinn et Panikattacken?
Oder huet hien gesondheetlech Problemer?
Ech hunn zimmlech spéit matkritt, dass de Roman net nëmmen zwou Perspektiven huet, mä och ënnerscheedlech Zäiten – dem Lila seng Geschicht liese mir am ‚Elo‘, an de Leander begleede mir an d’Vergaangenheet.
Wat ee gudden Deel Humor bei dësem Buch ausmécht, ass den Ëmgang tëscht dem Jonas, an dem Leander.
Déi zwee kenne sech aus fréiester Kandheet, si sinn perfekt openeen ofgestëmmt.
Kréie si hiert Masterpiece gemoolt?
Oder gi si vun der Polizei (dem Leander sengem Papp) erwëscht?
Natierlech spillt Konscht och eng grouss Roll an dësem Buch, mir liesen ganz vill iwwert déi verschiddenst Faarwen, a Schattéierungen.
Och d’Kapitelen ginn ëmmer mat engem Konschtzitat un.
D’Buch thematiséiert net nëmmen Famill, Frëndschaft an déi éischt Léift, et gëtt och tragesch.
Awer esou richteg, och dat hunn ech net komme gesinn …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s