Dem Pascal Debra säi Buch ‚Die Pathologie der Liebe‘ huet just 140 Säiten, ech hu gemengt, dass ech ganz séier domat duerch sinn.
Duerch de wéinegen Dialog war dat awer net esou.
Et loung allerdéngs net nëmmen um wéinegen Dialog, de Pascal huet och eng ganz speziell Schreifweis, se ass philosophesch ugehaucht, et liest een automatesch e bësse méi lues, fir all Nuance vun der Erzielung matzekréien.
Et ass schonn eppes besonnesches ze liesen, wéi hien Saachen, Momenter, Mënschen a Gefiller beschreift.
Mir gefält dat!
Op den 144 Säiten fënnt sech allerhand – Bezéiungsdrama, Léift, Konscht, Musek, an ee gewaltegt Verbriechen.
Dat Ganzt gëtt aus der Siichtweis vun enger Fra erzielt, dem Laura.
An direkter Ried un den Ian, léisst hatt seng Bezéiung mam Ian nach eemol Revue passéieren, déi gutt a schlecht Zäiten.
Duerch dës Ried, fillt de Lieser sech als Voyeur, et kuckt een deenen zwee iwwert d’Schëller.
Et versteet ee séier, dass dat Ganzt eskaléiert, wéi konnt et nëmmen esou wäit kommen?
Wat léisst d’Laura esou duerchdréien, firwat spillen seng Gefiller esou verréckt?
Huet den Ian den Dout verdéngt?

Léift an Haass, Liewen an Doud – an dësem Buch ganz no beieneen …
An net nëmmen an dësem Buch, fannen ech, d’Grenz ass ganz dënn, et ass wierklech ee Balanceakt.
Och wann d’Buch an d’Kategorie Thriller fält, d’Schreifweis ass esou déif, dass et mir schwéier fält, et och an dës Kategorie ze setzen.
Fréier hunn ech dacks gemengt, Books on demand Bicher wieren automatesch 08/15 Geschichten, déi een net wierklech muss hunn.
Dem Pascal seng Bicher hu mir gewissen, dass dat net esou ass, ech freeë mech elo schonn op de Summer 2018.
Da kënnt säin nächsten Roman eraus ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s