Wann een e bëssen online ënnerwee ass, begéint een alt mol Bicherboxen.
Et ginn der an de verschiddensten Zorten, ech stellen Iech dräi Stéck vir.
Wat mir scho mol gutt gefall huet, ass d’Konzept am allgemengen.
Et si Fierwëllztuten fir Bicherwierm, dacks weess ee just d’Thema vun der Box, fir de Rescht muss ee sech iwweraschen loossen!

Natierlech war ech opgereegt, wéi déi éischt Këscht ukomm ass, ech hu mir vill Zäit geholl, fir dee Schatz a Rou auszepaken.
An ech gouf net enttäuscht!

1)
Ech hat se bei bookishprophet bestallt.
Et gëtt allerdéngs just eng begrenzten Unzuel vu Boxen, wann een interesséiert ass, heescht et, sech bäimaachen.
Dobäi huet mir den Newsletter gehollef, da kritt een direkt Bescheed gesot, wann eng nei Këscht do ass, oder eng al nees verfügbar.
Uewen op der Këscht loung eng richteg schéin Kaart mam Motto vum Mount.

„Zwischen Leben und Tod“

20180203_155337.jpg

Direkt drënner war dës wonnerschéin Käerz, ech hu mir direkt nach zwou misste bestellen 😍


Gidd mol luussen!

Ënnert der Käerz loungen nach e puer Klengegkeeten, ënnert anerem, eng Postkaart an ee richteg flott Lieszeechen.
Och wuelrichende Buedsalz war a menger Këscht enthalen.
An du koum d’Buch, dat war eng Neiheet, a keng al Schank.

20180203_160456
‚Die Stunde des Assassinen‘ vum R.J. Barker aus dem Heyne Verlag.
(Et ass den 9te Januar erauskomm)
Ech wäert Iech dat och nach virstellen, souguer mat Autoreninterview 😀

Ech si wierklech zefridden, et ass bestëmmt net déi leschte Kéier, dass ech do bestallt hunn.

2)
Déi zweet Box déi ech bestallt hunn, kënnt aus dem Drachenmond Verlag a nennt sech Drachenpost.

Et kann ee sech verschidden Gréissten eraussichen, ech hu mir déi klengst bestallt, schonn eleng dofir, well de Verlag zimmlech vill Fantasy editéiert, an ech nach ëmmer net sou genau weess, wat ech vun dësem Genre hale soll.

Mat engem Hashtag an der Bestellung kann ee seng Box e bëssen personnaliséieren.
Zur Auswiel stinn:
#birthday
#withlove
#mytime
#powerbooster
#savemyday

Ech hu mir #savemytime erausgesicht! 😜
Wéi meng Drachenpost ukomm ass, war fir d’éischt emol, dee ganz normal, bronge ‚Fortschéckpak‘ ze gesinn, mä direkt drënner huet sech dëse Schatz verstoppt, d’Këscht mat den Draacheschuppen passt perfekt bei de Verlag.

20180215_141403

Ewéi ech se opgemaach hunn, ass deen éischte Bléck op d’Séissegkeeten gefall, natierlech däerf bei engem gudde Buch, eppes ze schneeken net feelen.

20180215_141337
Den zweete Bléck huet gewissen, dass et net nëmmen Schneekegkeete waren, mä och Téi (Drachenfrucht), Buedsalz, an ee Lëppestëft (Labello), mam Logo vum Verlag.
D’Bicher selwer waren och nach eemol an flottem Drachenpostpabeier agewéckelt, et hu sech dës Bicher dra verstoppt:

Op den éischte Bléck, hu mir d’Buchcoveren richteg gutt gefall, ech sinn op d’Geschichten gespaant.
Flott un de Bicher ass och nach, dass se vun den Autorinnen signéiert goufen, dat mécht se direkt een Tick méi besonnesch.
An all Buch huet dat passend Lieszeechen dra gestach.
Ech sinn op d’Geschichten, déi dräi komplett ënnerscheedlech Welte gespant, Dir wäert bestëmmt vu mir gewuer ginn, wéi se mir gefall hunn.

3)
Déi drëtt Box déi de Wee bis bei mech heem fonnt huet, war éischter eng spontan Aktioun.
Ech hunn se hei fonnt, d’Thema war ’stark‘.

Dat eenzegt, wat mir net wierklech gefält ass, dass een een Abo ofschléisse muss, allerdéngs besteet d’Méiglechkeet, dësen direkt ze kënnegen.
Ewéi d’Buchbox bis ukomm ass, ass mir direkt déi wonnerschéin Këscht an d’A gesprongen, ech war nach vill méi fierwëllzeg.

20180227_143555
Wat erwaart mech wuel?
Genee wéi de Motto ’stark‘, ass och dat, wat an der Këscht dra war.


Ech hat d’Buch Wonder Woman vum Leigh Bardugo op menger Wonschlëscht, dat kann ech elo ofhaken, ech si schonn op d’Geschicht gespaant.
Et ass ee wonnerschéint Hardcoverbuch, ee richtegt Schmockstéck.
Dobäi war nach een Energy-Drink mat der Opschrëft ‚Frauenpower‘, dat ass och ganz gelungen …
Wann ech net fäerdeg mat Liese ginn, erënnert dëst Engelslieszeechen mech u meng lescht Säit.
Ee Bracelet, an ee Wandtattoo waren och dobäi …
A well ech geckeg no schéine Notizbicher sinn, freet et mech, dass ech déi elo mat engem flotte roude Bick schreiwe kann.
Perfekt 😍

Ech si mat dësem Bicherboxtest richteg zefridden, ewéi gesot, et ass een interessant Konzept fir Bicherwierm, déi net nëmmen geckeg no Bicher sinn, mä och Loscht op Gadgets hunn, a sech gären iwwerasche loossen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s