D’Buch Everless ass een Dram, ech si positiv iwwerascht!
Dat geet scho beim Buchcover un, et ass fir sech ze verléifen, och ënnert de Buchdeckelen verstoppt sech eng kleng Schéinheet.
Ee vun den Themen am Buch ass Zäit, déi hunn ech mir och fir dës Geschicht geholl.
Ech kann net ganz genee soen, a wéieng Kategorie d’Buch fält, ech tendéieren zu mäerchenhafter Fantasy.
Eis Protagonistin ass d’Jules, hatt huet siwwenzéng Joer.
Wat hei e bëssen aussergewéinlech ass, ass Sempera.
Do kënnt hatt hier, d’Währung ass Zäit. Et bezillt een mat Stonne, Woche, Méint, Joeren, et kann ee sech souguer Zäit ofzaapen loossen.
Et kann ee scho bal soen, d’Liewen, ze liewen, bezillt een op laang Dauer mam Dout.
Esou ass et jo och am reale Liewen …
D’Legenden ronderëm dës Währung an Lännereien sinn schéin ze liesen, am allgemengen sinn d’Bësch/Land/Schlassbeschreiwungen esou detailléiert, dass ee wierklech kee Problem huet, fir sech dës Welt bildlech virzestellen …
Mir liesen vun Hexen, Zauberinnen, Alchemisten a villem méi.
Awer esou, dass et net ze gewalteg wierkt, et passt alles esou.
D’Jules a säi Papp hu Scholden.
Dat wier jo net esou dramatesch, mä dem Papp leeft Zäit of.
Fir d’Scholden ze bezuelen, iwwerleet hien sech, sech nach méi Zäit ofhuelen ze loossen.
Dëst wier wahrscheinlech déidlech fir hien.
Fir dat ze verhënneren, wëll d’Jules e puer Wochen op d’Schlass Everless schaffe goen, déi bezuelen richteg gutt!
Mä och dat ass mat Problemer verbonnen, déi zwee hunn virun Joeren do gelieft, no engem Ongléck hunn se Everless awer missen verloossen …
Gëtt d’Jules erkannt?
Wat ass mat senger Zäit net richteg?
Wéi ee Geheimnis gëtt et opzedecken?
Ass hatt a Gefor?
Froen iwwert Froen, d’Zäit bréngt eis d’Äntwerten …
Everless ass op jidde Fall ee vu mengen Joereshighlighten, et wäert schwéier ginn, dat ze toppen!
Et géif villes fir eng Verfilmung schwätzen, mä ech fäerte ganz, dass een domat d’Geschicht an d’Ambiance kéint verhonzen.
Dat hänkt vun der Ëmsetzung of …

Gëtt et een zweeten Deel?
Ech mengen …
Ech hoffen!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s