Zënter enger Meningitis ass d’Maggie blann.
Hatt haasst säin neien Handicap, hatt ka sech schlecht domat offannen.
Pessimismus ass säi neie Begleeder, hatt huet sech komplett zeréck gezunn.
An da begéint hatt de Ben, hatt kann e souguer gesinn …
Mä firwat?
Wéi ass dat geschitt?
Dëse klenge Jong, ass fir mech d’Häerzstéck vun der Geschicht.
Seng Äntwerten, seng richteg ‚altklug‘ Säz, dinn de Lieser oft schmunzelen.
Hien ass eng al Séil an engem jonke Kierper, sou seet een dach, nee?
Och säi grousse Brudder ass keen Onbekanntene fir d’Maggie, et ass de Sänger vu senger Liiblingsgrupp.
Hien traut dem Maggie allerdéngs net net esou richteg iwwert de Wee, en ass der Meenung, dass hatt seng Blannheet just simuléiert.
Duerch dem Ben säi gudden Afloss, seng positiv Siichtweis ännert dem Maggie seng Liewensastellung och erëm.
Schratt fir Schratt fënnt hätt sech mat der Däischtert of, a léiert souguer domat ëmzegoen.
D’Trëppele mam Stack, d’Selbststännegkeet, d’Liesen, liewen eben.
Hatt fënnt säi Fridden.
An och d’Léift.
Hatt ass net méi a senger Däischtert gefaangen, hatt erënnert sech nees gär un d’Faarwen an un d’Welt.
Et war nawell ganz interessant ze liesen, wéi d’Blannheet fir ee Blannen ass …
Wéi gesi si d’Welt? Komplett schwaarz?
Oder guer näischt?
Wat, oder vill méi, wéi dreemen se?
Dës Informatioune goufe ganz gekonnt, an d’Geschicht integréiert.
Ech hunn d’Buch dat lescht Joer schonn eemol gelies, fir et fir mäin Text nach eemol richteg am Kapp ze hunn, hunn ech et nach eemol gelies.
An ech kann Iech eppes soen – et huet sech näischt geännert, et ass nach ëmmer ee vu menge Favoritten!

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s