Der 5-Minuten Killer

Mat dësem Killer géif ech mol keng Minutt verbrénge wëllen …
Mä dem Paul Cleave seng Christchurch Thrilleren kommen ëmmer gutt, dofir hunn ech souguer e puer Stonne mat ëm verbruecht!

Dëse Killer gëtt Affer vu Gewaltverbriechen fënnef Minutten mam Mäerder vun der Fra, der Schwëster oder dem Brudder.
Zimmlech makaber, nee?
Wat mir um Paul Cleave sengen Thrilleren gefält, ass d’Sympathie déi ee lues awer sécher fir de Mäerder entwéckelt.
Ob ee wëll oder net.
Dat ass net bei all Thriller, deen ee liest de Fall, dofir sinn dës esou aussergewéinlech.
Während dem Liesen stellt engem sech d’Fro, ob de Killer heel aus dëser Geschicht kënnt, oder op d’Police hien schlussendlech erwëscht.
Et ass ee Kaz a Maus Spill, eigentlech wëll de 5 Minutte Killer jo just hëllefen.
Op seng verdréiten Aart a Manéier.
Den Theodore Tate an d’Rebecca Kent
ermëttelen an dëse Fäll, si erkennen d’Muster och relativ séier.
Mä den Theo huet och mat ville private Problemer ze kämpfen …
Hält hien dem Drock stand?
Erkennt hien d’Geforen mat Zäit?

De Lieser wäert och ganz vill Freed um schwaarzen Humor hunn, deen een op ganz ville Plazen fënnt, et kënnt ee wierklech op seng Käschten.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s