Bicher vun Arvelle

Ëmmer fonkelnei Bicher kafen, gëtt op laang Dauer zimmlech deier.
Ech sinn virun enger Zäit op d’Homepage vun Arvelle gestouss, elo hunn ech mech dozou entschloss, dësen attraktiven Service fir Iech ze testen.

Wat genee ass Arvelle iwwerhapt?

Arvelle verkeeft sougenannte Mängelexemplarer, oder Reschtbicher, Bicher, déi net méi (aus wéiengem Grond och ëmmer) am Buttik verkaf kënnen (däerfe) ginn.
Mä ech mengen, eis Lieser ass et ganz eegal, ob eist Buch mat Mängelexemplar gekennzechnet ass, wichteg ass d’Geschicht, déi tëscht de Buchdeckele stécht.
Ech hu mech laang op hierem Site ronderëmgedriwwen, se bidden wierklech vill ënnerscheedlech Genres un.
Romaner, Thriller, Jugendbicher, Fantasy, Ratgeber, an nach esou vill méi!
Si hunn eng ‚Suchen‘-Funktioun op der Säit, mir kënnen direkt nokucken, op Arvelle eppes vun eisem Liiblingsauteur op Lager huet.
Et ginn och direkt ganz Reien vu Bicher ze kafen …
Positiv ass scho mol, dass bei all Buch de Verlagspräis steet, direkt drënner steet den Arvellespräis, et gëtt engem direkt kloer, dass ee wierklech ee gudde Koup Geld spuert …
Dat eenzegt wat e bëssen onsécher ass, ass de Warenkorb, oder villméi de Merkzettel selwer – wëll een d’Bestellung endlech ofschléissen, kann et sinn, dass een Artikel net méi verfügbar ass.
Da war een anere méi séier, dat ass mir direkt mat e puer Bicher geschitt.
Mä huele mir et positiv, dat heescht Arvelle huet wierklech Succès mat dësem Format.
Ech hu mech fir dës Bicher entscheed …

20180216_162443

E puer Deeg méi spéit …
Meng Bestellung ass ukomm, och optesch gëtt et näischt ze meckeren.

Verschidde Bicher hunn den Mängelexemplarstempel, mä fir de Rescht sinn se wierklech tipptopp an der Rei.


Néierens ass een Knécks ze gesinn.
Just d’Hardcoverbuch gesäit liicht ugetéckt aus, ech hunn schonn Schlëmmeres gesinn, mech stéiert et net.

20180223_175214

‚Artikel 5‘ an ‚Das Gesetz der Rache‘ sinn richteg Schmockstécker, keng Stempelen, keng Rillen, guer näischt.
Et géif ee bal mengen, se kéimen frësch aus der Imprimerie.

20180223_175053
Et kënnt ee wierklech op seng Käschten, mir deet et net leed, dës Bichersäit getest ze hunn …
Ech si mir sécher, dass Dir zefridde wäert sinn – an och Äre Portemonnaie wäert Iech et danken!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s