Als Kand war ee vu mengen Dreem, eemol an Ägypten ze reesen.
Dee gouf nach net erfëllt, mä duerch d’Illustratiounen aus dësem Zoom Buch, gouf ech nees drun erënnert.
Mir gefält d’Aart a Manéier richteg gutt, d’Hieroglyphen, déi iwwerall ze fannen sinn, ginn deem Ganzen, dee richtegen Flair.
Et ass bestëmmt net verkéiert, dës Geschicht mam Hänsel an dem Gréitel ze vergläichen.
An dëser Versioun ass et awer d’Sofia a säi Brudder Amir.
Währenddeems si Drénkwaasser fir d’Eltere siche ginn, begéine si eng al Fra.
Dem Sofia ass se net geheier, mä den Amir hëlleft direkt, fir hier den Eemer Waasser an hiert Haus ze droen.
Dir wësst bestëmmt, wat elo kënnt …
Et ass eng al, béis Hex, se huet grouss Loscht d’Kanner ze frupsen.
Dem Sofia geléngt et fortzelaafen, mä den Amir sëtzt elo an der Fal.
An elo?
Hëllef kënnt vun onerwaarteter Säit – de Mound huet eng ganz interessant Idee.
Mä ass se och ëmzesetzen?
Fannen d’Gesëschter sech gesond a monter erëm?
Oder gewënnt déi béis Hex an dësem Märchen?
A wat fir eng Auswierkungen huet déi ganz Geschicht op de Mound?
Loosst Iech iwweraschen!
D’Buch huet wéineg Text a vill Bild, d’Erzielung an d’Illustratiounen lueden zum Dreemen an.
Dat ass eng gutt Viraussetzung fir eng Gudd-Nuecht Geschicht 😉
Dëst Mäerchen gëtt et net nëmmen op Lëtzebuergesch, et ass och op Franséisch ze fannen.

Ganz flott:
Hannen am Buch, fanne mir nach zwee Rezepter, eemol fir d’Paangecher, an hausgemaachte Schokopasta!
Déi ginn deemnächst ausprobéiert 🤗

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s