De Buchtitel vum Wesley King sengem Jugendroman ‚Daniel is different‘, bréngt et op de Punkt.
Den Daniel ass anescht.
Hien huet Zwangsstéierungen a Panikattacken, dës bestëmmen, méi oder wéineger säi Liewen.
D’Buch thematiséiert Famill, Frëndschaft an déi éischt Léift.
Ech hunn den Daniel sympathesch fonnt, säiteweis konnt ech mech gutt mat him identifizéieren.
Verschidden Ticker vun him, si mir kënneg virkomm.
Leider kënnt et am Buch och heiansdo zu Widderhuelungen, zumools, wann den Daniel säin Owendprogramm ofhale muss.
Aanerersäits huet dat nach eemol verdäitlecht ewéi aleng den Daniel sech fillt, all Moment, owes, d’Angscht, dass een kéint matkréien, dass mat him eppes net stëmmt, d’Schimmt, d‘ Doudesangscht, wann een Tick net fir déi néideg Erliichterung gesuergt huet.
Well och dat sinn Widderhuelungen.
Den Daniel verstoppt dës Ticker, hien nennt se Zaps.
Dat gëtt zumools an der Mathé schwiereg, wann d’Zifferen bestëmmte Gefiller an engem ausléisen; Angscht, Freed, Roserei, ganz egal .
D’Sara, eng Schoulkamerodin riicht enges Dages d’Wuert un hien.
Dat ass komësch, hatt schwätzt nämlech mat kengem.
Hatt huet och divers psychesch Erkrankungen, a wëll, dass den Daniel him hëlleft säi verschwonnene Papp ze fannen.
Dëst Krimielement lockert d’Thematik Zwangsstéierungen e bëssen op, allerdéngs stellt sech zum Schluss eraus, dass et éischter eng Tragödie ass.
Mä et passt perfekt esou!
Wann Dir d’Buch liest, da wësst Dir wat ech mengen …
D’Schlusssäiten notzt den Autor nach eemol, fir op dës Erkrankungen opmierksam ze maachen.
Betraffe Leit solle sech net schummen a sech Hëllef sichen …

Den Daniel schreift fir sech ze berouegen an ofzelenken – dës Textauszich sinn och am Buch ze fannen.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s