Nodeems ech vum Lucy Clarke senge Bicher ‚Das Haus, das in den Wellen verschwand‘ an ‚Der Sommer, in dem es zu schneien begann‘ begeeschtert war, hunn ech dat neit natierlech och missen liesen.
Ech hunn et net nëmme gelies, ech hunn et richteg verschlongen!
D’Buch spillt an der Géigenwaart, heiansdo ginn et awer kleng Reckblécker, esou klärt sech lues a lues alles op, de Lieser versteet sou munches besser.
Awer net alles.
D’Personnagen sinn virun allem d’Sarah, säi Jong den Jacob a seng beschte Frëndin Isla.
D’Sarah an d’Isla si schonn joerelaang Frëndinnen, si waren zesummen schwanger an och hier Boufen waren déi bescht Frënn.
Bis zu deem Dag, wou se an Mier schwamme gaange sinn, a just ee vun hinnen dëst iwwerlieft hunn.
Dem Sarah säi Jong.
7 Joer méi spéit, op sengem Geburtsdag (deen och den Doudesdag vum Isla sengem Bouf ass) verschwënnt den Jacob an eng verzweifelt Sich geet un.
All Säit suergt fir Iwweraschungen, et kommen awer och genee esouvill Froen op.
Wat hunn se alleguer ze verstoppen?
Ass wierklech alles esou wéi et schéngt, oder ass et just Fassad?
Wéieng Geheimnisser kommen nach un d’Liicht?
Gëtt et een Happy-End?

Schéin um Buch war, dass de Lieser wierklech eréischt mat de leschten zwou Säiten déi voll Wourecht gewuer gëtt!

Natierlech suergt d’Mier, de Sand an de Strand an dësem Buch och fir dat néidegt Summerfeeling.

Wann Iech déi aner Bicher vun der Autorin gefall hunn, da wäert Dir geckeg no dësem Buch sinn.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s