Ech wëll Iech fir d’éischt emol Merci soen, dass Dir Iech, fir dës Froen Zäit huelt, et war mir eng Freed.

Et ass schéin, mat dësen Äntwerten e klenge Bléck hannert d’Kulisse vu Kremart Edition ze geheien, an Iech, Är Aarbecht e bësse besser kennenzeléieren an ze verstoen.

Wéi gesäit een typeschen Dag bei Iech am Verlag aus?
En typeschen Dag gëtt et net, well mir keen typesche Verlag sinn 🙂 Am Fong geholl si mer mol kee richtege Verlag, well mer kee richtege Büro hunn, an deem mer schaffen. Kremart, dat sinn dräi Leit, d’Christiane, d’Viviane an ech, déi dat awer alles niewelaanscht, also net haaptberufflech, maachen. Zum Gléck paken ëmmer eng ganz Partie Leit mat un, soss kréiche mir dat alles guer net gebak, well eis eigentlech Beruffer ginn natierlech ëmmer vir. Dofir gëtt et dann och kee festen Dagesoflaf, ma ëmmer rëm méi intensiv Phasen, an deene vill matenee geschitt; da kënnt et och scho mol vir, datt iwwer Nuecht ganz vill Mailen op eemol verschéckt ginn. Déi auslännesch Verlagen, mat deene mer zesummeschaffen, déi wonnere sech heiansdo, datt mir nach esou spéit nuets aktiv sinn …Op der anerer Säit gëtt et Phasen, wou de Verlag méi kuerz kënnt, well een ze vill am Beruff agespaant ass. Mir maachen awer, wat mer kënnen. Am Moment gesi mer eis nach éischter als kleng Start-up, och wa mer net a Garagë schaffen, ma eis Bicher stockéiere mer awer a Kelleren …

Är Literaturrei heescht Kanephora.
Huet deen Numm eng Bedeitung fir Är Editioun?
Kommen nach Bicher no?
Ech géif mech op jidde Fall driwwer freeën…
Jo, deen Numm huet eng extra Bedeitung fir eis, a jo, et kommen nach Bicher no!

Fänke mer beim Numm un. Eis „nei Bibliothéik“ gehéiert aktuell zu eisen allerwichtegste Projeten. Fir si wollte mir onbedéngt eng Referenz op d’Klassik huelen, en l’occurrence also op déi al Griichen, an och op déi klassesch Ästhetik. Op der Akropolis gëtt et e ganz schéint, klengt Gebai, den Erechtheion, mat der Korenhalle. Déi huet Sailen aus Frae-Kierperen, immens schéin, an déi gi Karyatide genannt, wat eis e bëssen ze komplizéiert geklongen huet, oder Kanephoren, wat iwwersat esou vill heescht wéi „Korbträgerinnen“. Dee Sound huet gepasst an dat Bild huet gepasst: E Buch ass jo och e Kuerf fir Geschichten a Bicher si Saile vum Wëssen, vun der Bildung, vun der Kultur. Vun dohier den Numm Kanephora. Béid Metaphere sollten an eiser neier Bibliothéik och quasi materialiséiert ginn – dofir hunn d’Kanephora-Bicher e ronne Réck an e Sträife-Look um Cover; dat soll un d’Karyatiden oder d’Kanephoren erënneren, u ronn Sailen an un d’Falen an de Räck vun de Frae-Figuren op der Akropolis … D’Verlängerung vun deenen ugedeite Plie stellen dann déi dräi Liesbännercher, „Zeichenlitzen“, duer. Iwwregens, dräi „Lesebandzeichen“ hat eis däitsch Dréckerei nach ni; eent huet musse manuell bäigesat ginn … Datt Kanephora respektiv Canephora och op d’Robusta-Kaffisplanz verweist, ass Zoufall, awer een, deen eis gefält: Kaffi mécht staark a montert op.

Wat d’Suite vun der Serie ugeet: Jo, mer hunn nach e puer Projeten an der Maach an 2017 sollen een oder zwee oder souguer dräi nei Kanephora-Bicher derbäi kommen. Mol kucken, wat mer vu schéinen Texter proposéiert kréien – a wat mer eis iwwerhaapt leeschte kënnen …

Wéi genau ginn ech vir, wann ech e Buch wëll erausbréngen?
Ech hunn d’Idee op Pabeier bruecht, an elo?
Am Géigesaz zu deem, wat vill Leit mengen, ass dann net de Gros vun der Aarbecht gemaach – op d’mannst net déi eigentlech Aarbecht vum Buch, well déi geet da jo eréischt un. Wann den Text respektiv d’Geschicht existéiert, da muss ech mer iwwerleeën, ob ech se selwer erausbrénge wëll oder se engem Verlag uvertrauen. (Virdru sollt ee selbstkritesch dës Froe beäntwert hunn: Ass et wierklech derwäert, dat als Buch erauszebréngen? U wie riicht sech mäi Buch genee? A firwat géif ech grad dat Buch do onbedéngt wëlle kafen?) D’Sich no engem Verlag kann zimlech ermiddend sinn, well Verlagen aus Erfarung éischter retizent sinn. Aus einfache Grënn, wann ech dat emol aus Siicht vu Kremart soen duerf: Éischtens kritt ee wesentlech méi Manuskripter, wéi een iwwerhaapt bewältege kann, zweetens bedeit och dee klengste Buchprojet leschten Enns honnerte vu Stonnen Aarbecht, déi een dann an de Projet vun engem „Friemen“ investéiert – bei Kremart aktuell jo nach ouni eng Pai dofir ze kréien … Et schenkt een also quasi engem seng Fräizäit, vum finanzielle Risiko an administrativen Opwand guer net ze schwätzen, dofir iwwerleet ee sech ganz gutt, wat ee maache wëll a wat ee maache kann, well eppes zousoen, wat een duerno net hale kann, wëlle mer onbedéngt vermeiden. An heiansdo wëll ee jo och nach vläit selwer eppes schreiwen … Duerno kommen dann déi klassesch Etappen: Form vum/Rei fir d’Buch definéieren, Lektorat (also d’Schaffen um Manuskript), Korrektur, Layout, Noliesen, Drock, Promotioun an Diffusioun … Also vereinfacht an idealtypesch ausgedréckt, well net siele féiert de Pingpong tëscht Korrektur a Layout zum Beispill dozou, datt een net zwou oder dräi Versioune vun engem Buch huet, ma 15 oder 20, wou een dann natierlech allkéiers alles checke muss …

D’Bicher si gedréckt, wéi fannen se elo de Wee an d’Librairien?
Wéi ginn se bekannt gemaach?
De Wee an d’Librairië fanne se just, wann eng Librairie d’Bicher bestellt, se also an hiert Sortiment ophëlt – dat ass emol déi éischt Viraussetzung. Dofir ginn d’Librairien och als éischt ugeschriwwen, wann en neit Buch um Punkt ass, op de Maart ze kommen; eréischt wann dann déi meescht geäntwert an am Idealfall och Bicher bestallt hunn, ginn d’Medien informéiert. Bei neie Bicher oder neien Auteuren zécken d’Librairien natierlech; se bestellen da vläit emol 2 oder 3, anerer 10 oder 20 Stéck, déi een dann dohinner féiert. Wann déi da verkaaft sinn, ginn (hoffentlech) neier bestallt an da liwwert een déi och. Do brauch ee scho Gedold, well et kaum virkënnt, datt direkt honnerten oder dausende vun engem Buch virbestallt ginn – also net zu Lëtzebuerg. An d’Diffusioun, also d’Liwweren, dat si vill Kilometer … Wéi ee Bicher bekannt mécht? Do ginn et vill Weeër: klassesch Medien, sozial Medien, Internetoptrëtt, Katalogen, Stänn op Foiren, Liesungen … an net ze vergiesse Buchpresentatiounen. Dorop leeë mer am Fong Wäert, well da gëtt et e richtege Startschoss fir d’Buch. Fir klassesch Reklammen ze buchen, feelen eis leider nach d’Suen …

Wéi gëtt iwwerhaapt entscheed, wéivill Bicher gedréckt ginn?
Dat decidéiert bei Kremart de Verlag, ass en Ofweien tëscht realistesche Schätzungen an optimisteschen Erwaardungen. Ass ëmmer eng Geruet, mol huet een der ze vill, mol ze mann – ma wann e Buch vergraff ass, ass dat traureg a flott zugläich …

No wéi enge Kriterie kënnt e Buch op d’Bestsellerlëscht an eisem Land?
Am Prinzip no der Zuel vun de Venten an deene Librairien, déi do matmaachen. D’Federatioune vun de Librairen a vun den Editeure geréieren dat zesummen.

Wéi ass d’Idee zur Smart-Serie entstanen?
Am Ufank war eng Kuerzgeschicht a fir déi hu mir dunn eng Form gesicht. Eng, déi an d’Täsch vun engem Hiem passt; eng, déi liicht a präiswäert ass. Mir wollten domat eng oppen, mobil, modern, interesséiert Lieserschaft cibléieren, eng, déi scho Lëtzebuergesch kann, an och eng, déi Lëtzebuergesch eréischt léiert. Bei engem Invest vun 2,99 Euro pro Buch hält sech de Risiko jo a Grenzen. Dat Konzept ass opgaangen, souguer besser wéi geduecht. A mir sinn allen Auteuren dankbar! Deenen neien, déi sech getraut hunn, an deene chevronnéierten, déi eis vertraut hunn. An de Lieser! Bis elo goufe schonn iwwer 15.000 Smart-Bicher verkaaft. Dat mécht eis zimlech frou 🙂 Trotzdem ass mat der Nummer 20 am Juni 2017 elo Schluss. ‚t soll ee jo ophalen, wann et am schéinsten ass. An dat mécht da Plaz fir eppes Neies … wat hoffentlech genee esou gutt ukënnt wéi d’Smart-Bicher …

Firwat sinn déi lëtzebuergesch Bicher méi deier?
Wéi gëtt de Kafpräis vun engem Buch opgesat?
Wat heescht hei méi deier? D’Smart-Bicher kaschten 2,99 Euro a beweise jo, datt lëtzebuergesch Bicher net zwangsleefeg méi deier sinn 😉 Och bei eisen Iwwersetzungen orientéiere mir eis normalerweis un de Präisser vun de Bicher an eisen Nopeschlänner. Am grousse Ganze gëllt awer, datt déi niddreg Oploen an déi niddreg Verkaafszuele maachen, datt d’Bicher hei am Land eng Grëtz méi deier sinn … Am Fong misste se souguer e gutt Stréck méi deier sinn, ma zum Gléck kann ee fir maximal véier Bicher d’Joer eng Ënnerstëtzung beim Fonds culturel national, kuerz Focuna, ufroen. Dat hëlleft, de Verkafspräis ze drécken an abordabel ze maachen. Derbäi kënnt och ëmmer d’Fro, wou ech d’Bicher maache loossen: hei am Land, an der Groussregioun oder méi wäit fort. Bei Iwwersetzungen huet een dorop net ëmmer Afloss, soss kann een d’Präisser vergläichen, dat ass dann eng Fro vun der Kompetitivitéit, der Rapiditéit, der Kollegialitéit, der Qualitéit …

Ginn all d’Manuskripter, déi bei Iech ageschéckt ginn, och gelies?
Mir kucken eis se all un, ma se all ze liesen, dat ass carrément onméiglech; déi Zäit hu mir beim beschte Wëllen net; dat kann een als Arroganz ausleeën, ma et geet net. Dacks gesäit een och scho ganz fréi, datt een e Buch net maache wëll. Mir hunn zum Beispill bis elo weder Kachbicher, nach Poesie gemaach an och nach keng Kannerbicher an anere Sprooche wéi Lëtzebuergesch. Dat gëtt eis selwer Orientéierung, och wa mir eis net op éiweg festleeë wëllen, fir oppen ze bleiwen. Ech wëll also ganz bewosst näischt ausschléissen 😉 Wann ech vun den Iwwersetzungen ofgesinn, kënne mir als klenge Verlag och kaum méi wéi véier, fënnef oder vläit eng hallef Dosen „eege“ Bicher d’Joer maachen; méi packe mer finanziell an aarbechtstechnesch guer net … Heiansdo dauert et dann och laang, bis mir engem – ongedëllegen – Auteur ofsoen oder zousoen; hei biede mir ëm Versteesdemech … ma heiansdo gëtt een einfach iwwerlaf. Do kann een et net jidderengem gerecht maachen oder jidderengem och nach (gratis) Tuyaue mat op de Wee ginn … Sorry!

Vun der Iddi zum Buch, wéi laang dauert et bis dass d’Buch gedréckt an de Geschäfter läit?
Ech kann hei keng konkret Äntwert ginn, well mer dofir och nach net genuch Erfarungswäerter hunn. Heiansdo just e puer Méint, heiansdo och e puer Joer …

Kënnt Dir eis méi zur Gestaltung vun engem Buchcover/-ëmschlag verroden?
Wien këmmert sech do drëm?
Däerf den Auteur vum Buch ee Wuert do matschwätzen?
Mir ginn dem Grafiker e puer inhaltlech Virgabe mat op de Wee a loossen en da gewäerden. Seng Entwërf kucke mer eis dann un a probéieren nach verschidde Saachen aus. Dat ass vill Hin an Hier, e ganz dialektesche Prozess. Flott, awer och ustrengend, well et Tonne Saachen ze bedenke gëtt. Natierlech gëtt och den Auteur ëm seng Meenung gefrot, ma um Enn muss de Verlag decidéieren.

Wat gefält Iech un Ärer Aarbecht als Schrëftsteller?
Ech géif mech net als Schrëftsteller bezeechnen. Ech wier dat zwar gär, ma si bis elo éischter Geleeënheetsauteur …

Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?
D’Josée Hansen hat mech am „Land“ eemol als hyperaktiv beschriwwen; dat hunn ech witzeg fonnt. Mäin Entourage gesäit et e bëssen anescht a géif wuel éischter ustrengend soen. Dobäi wëll ech et beloossen an aneren et iwwerloossen, mech ze beschreiwen …

Wéini a firwat hutt Dir mat Schreiwen ugefaangen?
Wat inspiréiert Iech, wat wëllt Dir domat bewierken?
Zu Iechternach am Lycée huet dat op eemol ugefaangen, déck Spaass ze maachen. Op der Uni goung dat weider an du sinn ech Journalist ginn. A vun do war de Sprong bei d’Bicher net méi wäit … Alles kann inspiréieren an ech hoffen, datt d’Inspiratioun nach laang net ausgeet … och wa villes aus Zäit- an Energiemangel ni verwäert gëtt … Eppes bewierken? Éischter eppes transportéieren …

Wéi laang braucht Dir dann ongeféier fir ee Wierk?
All Wierk ass anescht …

… dofir ass dat onméiglech ze beäntweren … Meng Smart-Geschicht hat ech méintlaang kloer am Kapp an hu se dunn an enger Nuecht erausge… also zu Pabeier bruecht. Un de Bicher „Luxemburg in der Welt“ hunn ech mam Steve Müller iwwer e Joer geschafft, well dofir vill Reesen néideg waren, „Kaffeefahrt“ iwwert d’Rees vun de Kaffisbounen aus dem Peru op Lëtzebuerg war bannen engem hallwer Joer un an aus an. Am längste war „D’Linn Lynn“ an der Maach …

Hudd Dir ee Liiblingsschrëftsteller oder -buch?
Wat bedeit dat fir Iech? Hudd Dir do een Liiblingszitat?
Dat wiesselt ëmmer mol nees … Am Moment sécher „Die Besteigung des Mont Ventoux“ vum Francesco Petrarca. Ganz gären hunn ech awer och „Netzkarte“ vum Sten Nadolny. A meng Liiblingsspréch sinn „Durch diese hohle Gasse muss er kommen“ aus dem Schiller sengem Tell, wat mäi Papp ëmmer zitéiert huet, an „Wer immer strebend sich bemüht, deen können wir erlösen“ aus dem Goethe sengem Faust.

Wie kritt Är Bicher dann fir d’alleréischt ze liesen?
Wat ech bis elo produzéiert hunn, ass virun allem „Stückwerk“ gewiescht, do ass dat méi schwéier ze soen, well et ëmmer gewiesselt huet. Heiansdo war den Zäitdrock esou grouss, datt de Korrekter den Text als Éischt krut … Ass net gutt, wann een als Auteur wéi e Journalist schafft an alles op de leschte Stëppel ofliwwert … ‚t geet leider awer dacks net anescht wéi „just in time“ …

Wat gefält Iech un Ärer Aarbecht als Verleeër?
D’Schaffe mat Leit aus ënnerschiddlechen Domainer, mat deenen een dann zesummen eppes schaaft.

Wéi géift Dir Kremart Edition an dräi Sätz beschreiwen?
Ech brauch just dräi Wierder: jonk, kleng, experimentéierfreedeg.

Wéi huelt Dir Iech déi Zäit, dat alles ënnert den Hutt ze bréngen?
Hutt Dir een Geheimrezept?
Leider net, ma et hëlleft, wann een an intensive Phase mat mann Schlof auskënnt a sech op dat Wesentlecht konzentréiere kann.

An Ärem Smartbichelchen iPremier geet et ëm Politiker an der Zukunft, huet dat aktuellt Politikgeschéien Iech ob dës Idee bruecht?
Jo, och, ma am meeschten huet mech d’Geschicht vum Herostratos inspiréiert. An déi profund Iwwerzeegung, datt ech sécher e gudde Premier fir eist Ländche (ginn) wier …

D’Buch ‚A mengem klengen Häerz‘, wat an Ärer Editioun erauskomm ass, ass eigentlech ee franséischt Buch aus enger Rei.
Ginn déi aner Deeler och bei Iech iwwersat?
Dat steet nach net fest. D’Häerz huet eis direkt ugesprach an eis och am meeschten iwwerzeegt. Wann d’Nofro awer grouss ass, firwat dann net och aner Iwwersetzungen aus där Serie proposéieren. U sech decidéieren dat d’Lieser …

Wat kënnt dann soss nach op eis, Är Lieser, duer?
Hutt Dir speziell Pläng fir 2017, déi Dir eis däerft matdeelen?

Wann ech mer dat esou ukucken, da kënnt 2017 op Kremart vill Aarbecht duer an op kleng a grouss Lieser kommen eng ganz Partie flott Bicher … Eis Kannerserien, déi natierlech weiderlafen, ergänze mer elo nach duerch flott Iwwersetzunge vu Bicher aus dem flammänneschen Deel vun der Belsch, well do hu mer e ganz flotte Kontakt geknäppt. Da kënnt en zweet Buch mat Kuerzgeschichten op Franséisch vum Laurence Klopp eraus. E puer Kanephora-Bicher sinn an der Maach an net ze vergiessen de groussen Ofschloss vun der Smart-Serie den 20. Juni zu Miersch am Literaturzenter!

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s