Interview mam Christiane Krecké

Wéivill Bicher publizéiert d’Editioun am Joer?
Eise Verlag publizéiert ongeféier 15-20 nei Titel am Joer. Dat sinn Bicher aus de Beräicher Literatur a Kannerbicher, awer och Sachbicher zu de verschiddensten Themen a Beaux-livres. Dobäi kommen dann nach verschidden Réimpressiounen a Neioploen. Z. B. bei eiser Série Le Petit Martin mussen mir stänneg kucken, wéi grouss de Bestand nach ass an ob et nach duer geet fir déi nächst Saison ofzedecken. Och eis juristesch Bicher vum Alain Steichen gi regelméisseg iwwerschafft an aktualiséiert. Ausserdeem brengen mir nach 2 Périodiquen eraus, dat sinn je 4 Nummeren d’Joer vun Nos cahiers an Hémecht.

D’Editioun ass, sou mengem ech mol, déi gréissten a bekanntesten am Land, firwat ass hier Internetpräsenz net esou déck? Iwwert Facebook, zum Beispill, géift Dir och nach vill erreechen …
Mir sinn eis bewosst, dass eisen Online-Optrëtt net optimal ass. Mir schaffen grad un enger neier Internetsäit, déi hoffentlech an de nächste Wochen startbereet wärt sinn. Sie soll méi zäitgeméiss, attraktiv a benotzerfrëndlech ginn. Ausserdeem hunn mir eis dëst Joer als Ziel gesat fir demnächst méi visibel op fb ze sinn an de Verlag besser ze presentéieren. Dat ass effektif hautzudags eng wichteg Saach!

D’lëtzebuergesch Literatur huet et schonn sou schwéier, fannen ech …
Mir ass bei menge Recherchen a Liesstonnen allerdéngs opgefall, dass et, fir esou ee klengt Land immens vill Editiounen ginn. Firwat ass dat esou?
Et ass virun allem erstaunlech, dass déi lescht Joren nach e puer nei Verleeg dobäi komm sinn! Et brauch een, mengen ech emol, vill Courage a natierlech Kapital, fir sech an där schwiereger Buchbranche selbstänneg ze maachen. Et muss een risikobereet an engagéiert sinn a sech och net decouragéieren loossen. Et muss ee sech permanent fir seng Bicher a fir d’Liesen am Allgemengen asetzen. Dobäi kommen nach e ganze Koup Auteuren, déi e Buch am Selbstverlag erausbrengen an dann selwer d’Verdeelung oder d’Vente maachen. D’Produktioun ass déi lescht Joren méi grouss ginn, elo misst just nach de lëtzebuerger Publique matzéien. Kannerbicher lafen ganz gutt, Sachbicher eigentlech och, sief dat Kachbuch oder Geschicht oder soss een uspriechend Thema, mee wéi Dir scho sot, d’lëtzebuerger Literatur huet et immens schwéier :-/

Kënnt Dir eis méi driwwer erzielen, firwat d’lëtzebuergesch Literatur Luxemburgensia genannt gëtt?
Oh, gutt Fro! Ech wees, dass een an Däitschland déi Abteilung Regionalia nennt, esou war zu Wiesbaden an zu Köln. Vue dass et sech bei eiser nationaler Literatur jo awer net just ëm eng Stad oder Regioun handelt, fannen ech et logesch fir seLuxemburgensia ze nennen! Dat ass awer just meng Interpretatioun 😉 Dorënner fällt déi ganz Produktioun vu lëtzebuerger Editiounen, awer och Titel vu lëtzebuerger Auteuren, déi bei engem auslänneschen Verlag erschenge sinn. Mir fällt do z. B. an d’Rita Wennmacher beim S.MO Verlag oder d’Anise Koltz bei Gallimard, fir just schnell déi ze nennen. Guy Helminger a Georges Hausemer publizéieren zum Deel och bei däitschen Editeuren. Jiddefalls ginn och dës Bicher an der Libo an de Luxemburgensia-Rayon geraumt.

Firwat steet a ville Bicher ‚Mat Ënnerstëtzung vun …‘? Wier d’Buch ouni dës Sponsorhëllef net gedréckt ginn?
Méiglecherweis net! Bicher drécken ze loossen an de Layout a Marketing dofir ze maachen ass eng deier Affäir! De Focuna ënnerstëtzt déi verschidden Acteuren an der Kultur hei am Land, dorënner och d’Literatur. Fir erzieleresch Formen wéi Romaner a Kannergeschichten kann een ënner bestëmmte Bedingungen eng Hëllef kréien. Fir eng Iwwersetzung kann een eventuell ee Subside beim Kulturministär ufroen. Dann kann een natierlech och nach op d’Sich no engem private Sponsor goen bzw. eng Art Kooperatioun aushandelen.
Dat alles gëtt enger Editioun natierlech eng gewësse Sëcherheet, dass d’Käschten vun engem Projet op manst zum Deel ofgedeckt ginn. Well wéi grouss de Succès herno tatsächlech ass, dat ass immens schwéier am viraus ofzeschätzen. Dofir kann ee soen, dass d’Festleeën vun der Oplo vun engem Titel bal dat schwieregst vun allen Verlagsaufgaben ass!

D’Fédératioun vun de lëtzebuergesche Bicherediteuren besteet aus verschiddene Memberen, vun verschiddenen Editiounen. Firwat sinn d’Editiounen net all dobäi?
Dat ass de Choix vun all eenzel Editioun, ob sie dem Verband bäitrieden wëll oder net. Verschiddener hunn sëcher hir Grënn fir et net ze maachen, aneren ass vläicht „d’Memberskaart“ ze deier. Et ass natierlech och d’Aufgab vun der Fédératioun fir d’Literatur duerch verschidden Gemeinschaftsaktiounen oder aner Eventer ze förderen an den Editeuren eng Plattform unzebidden fir sech ze presentéieren. Wat de Verband méi organiséiert, wat en vläicht och méi Memberen kritt. Mee dofir brauch en och e Minimum u Budget, an hei kënnt dann de Kulturministär an d’Spill, deen déi verschiddenst kulturell Fédératiounen hei am Land ënnerstëtzt, mee dat ass erëm eng aner Geschicht…

No wéi enge Kriterien sinn d’Memberen erausgesicht, gewielt ginn?
Net de Verband sicht sech d’Memberen eraus, mee all lëtzebuerger Verlag kann sech mellen a Member ginn, wann hien dat wëll a fir sech ee Virdeel do gesäit.

Déi Fédératioun huet mam lëtzebuergesche Buchpräis ze dinn, huet se och nach eng aner Fonctioun? Wa jo, wéieng?
D’Fédératioun organiséiert all Joers (ech mengen säit 2006!?) de Lëtzebuerger Buchpräis. Dat ass ee ganz wichtegen Event vum Verband, deen 1 Mol am Joer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg d’Buch an de Mëttelpunkt sëtze soll. Et gëtt allerhand Kritik um Präis, mee ech fannen et extrem wichteg, dass d’Literatur heinsdo an de Fokus réckelt an an der Press am Gespréich ass! D’Haaptfonktioun vum Verband ass natierlech d’Promotioun vun der lëtzebuerger Literatur am allgemengen. Mir hunn gutt Auteuren, mir hunn flott Bicher, mee leider ass et net wirklech am Bewosstsënn vun de Leit dran, och well d’Literatur keng richteg Lobby huet 😦 Dorunner musse mir schaffen, ech fannen, dat ass eis Haaptaufgab.

Dofir sinn esou privat Initiativen wéi dëse Blog eng génial Saach! Villmols merci dass Dir Iech esou fir Bicher engagéiert :))

Wéi entscheed dee Comité dann, wéieng Bicher fir de lëtzebuergeschen Buchpräis nominéiert ginn?
Dat décidéiert net de Comité, mee dat ergëtt sech aus der Buchproduktioun aus deem jeweilege Joer. Déi verschidden Editeuren kënnen no verschiddene Kriteren hir Bicher erareechen. De Comité kontrolléiert just, ob ee Buch eligibel ass an an déi richteg Kategorie agedeelt gouf. Doraus ergëtt sech dann eng Longlist, déi un ee vum Comité ernannte Jury geet fir dorauser eng Shortlist ze maachen. De leschte Schrëtt ass dann déi final Gewënner an all Kategorie z’ermëttelen. Dëst Joer wärten et Ännerungen bei der Prozedur ginn an de Präis doduerch hoffentlech méi glaafwierdeg a wäerteg ginn.

Kënnt Dir eis och verroden, no wéienge Kriterien ee Buch op d’Bestsellerlëscht kënnt?
Huet dat just mat de Verkafszuelen ze dinn? Oder wéi genau leeft dat of?
Jo, hei geet et ëm reng Verkafszuelen. Et betrëfft nëmmen Bicher vu lëztebuerger Editeuren, déi an de 5 Librairien déi matmaachen duerch d’Kees ginn. Et ginn keng Venten berücksichtegt, déi d’Editiounen selwer iwer Internet oder op Bicherdëscher bei Eventer maachen. Ausserdeem ginn et och Bicher, déi vun der Bestsellerlëscht ausgeschloss sinn. Dat sinn z. B. Dictionnairen, Sproochbicher, Reesguiden, Titel wéi Marienkalenner,Steiererklärung, Petit Martin etc. All Librairie reecht seng 10 beschtverkafte Bicher an all Kategorie eran an de Cumul ergëtt dann déi 5 Titel, déi schlussendlech op d’Lëscht kommen.

No wéienge Kriterien sicht Dir Iech d’Bicher fir z’editéieren eraus? Hutt Dir och fest Schrëftsteller, oder hänkt dat ëmmer vum Manuskript of?
Do spillen ganz vill verschidde Punkten eng Roll:

– gefällt d’Buch eis, huet et eng gewësse Qualitéit, passt et an eise Verlagsprofil an an eise Joeresplanning

– wéi héich sinn d’Produktiounkäschten, gëtt et eng realistesch Chance fir dat Buch um Marché ze verkafen

– kréien mir vun eiser Direktioun den Accord fir dësen konkrete Projet

Mir hunn verschidde Schrëftsteller, déi haaptsächlech oder ausschliesslech bei eis editéieren. Trotzdeem kënnt et vir, dass mir och engem treien Auteur mol eng Ofso ginn, wann mir vum Manuskript net iwwerzeegt sinn. Dono ass et natierlech säi gutt Recht, sech op d’Sich no engem aneren Editeur ze maachen. Et kënnt regelméisseg vir, dass ee Buch, dat mir refuséiert hunn, net laang dono bei engem anere Verlag erauskënnt a vläicht esouguer fir de Buchpräis nominéiert gëtt. Oder dass mir ee Buch maachen, a mir dann nodréiglech gewuer ginn, dass den Auteur sech virdrun schonn bei anere Kolleegen gemellt hat. Lëtzebuerg ass eben kleng 😉

Wien a wéi genau decidéiert dann, ob ee Manuskript dréckeswäert ass?
Mir beschwätzen dat am Verlag ënnerteneen. Ganz wichteg ass an där Hinsicht d’Urteel vun eisem Lektor-Korrektor Jean-Marc Schmidt, virun allem punkto literaresch Qualitéit vun engem Text. Am léiwsten sinn eis déi Fäll, wou mir all enger Meenung sinn a schnell eng Decisioun huelen kënnen. Oft genug sinn mir eis awer net ganz eens an diskutéieren hin an hir ob Jo oder Nee… Heinsdo wëll een onbedengt ee Buch publizéieren, och wann ee wees, dass et bestëmmt keng grouss Vente wärt ginn. Dann brauch een e Bestseller fir dat erëm auszegläichen, dat nennt een dann Mischkalkulation.

Wat gefält Iech un Ärer Aarbecht an enger Editioun? A wat gefält Iech un Ärer Aarbecht an der Libo?
Ech sinn geléierte Libraire. Dat ass an Däitschland ee richtege Léierberuf, d.h. 3 Joer am Betrieb schaffen mat Berufsschoul, a mengem Fall Blockunterricht op der Buchhändlerschoul zu Frankfurt mat haaptsächlech berufsbezunne Fächer, als Ofschloss dann eng Prüfung bei der IHK. Mee mat Bicher schaffen ass net nëmmen ee Beruf, mee och eng Berufung! D’Aarbecht an engem Bicherbuttek ass vielfälteg a ofwiesslungsräich, als Literaturfreak ass dat all Dag nees eng grouss Freed. Allerdengs därf een sech do net just ëm héich Literatur këmmeren, mee et muss een ëmmer de wirtschaftleche Faktor am Aa behalen. Dofir muss een och kucken fir seng Stammclienten ze halen a neier ze kréien. Liesungen an Aktiounen mat Schoulen sinn ganz wichteg, fir dass och déi nächst Generatioun wees, dass et nach richteg physesch Bicher ginn an dass Liesen engem aner Welten opmaache kann…

Dat selwescht gëllt iwwregens och fir den Editeur. Schéi Bicher maachen ass eppes super Flottes, mee et muss een seng Bicher och verkafe kënnen. Et muss ee Käschten a Paien bezuelen, den Auteur soll eppes verdengen an och soss soll ënnert dem Strech nach eppes iwwreg bleiwen. D’Buchbranche gehéiert zur Kultur, awer eben och zur Economie! A räich gëtt ee mat Bicher leider ganz selten :-/

Ech hätt allerdengs nie geduercht, dass ech am Liewen ausser Bicher liesen a verkafen, enges Dags och nach selwer Bicher géif maachen 🙂

Wéi eng Bicher liest Dir privat am léifsten? Wéi eng Bicher, aus Ärer Editioun sinn Är Favoriten?
Ech selwer liesen gären japanesch Literatur, och chinesesch Auteuren, Klassiker aus dem 19. Jh, zäitgenössesch europäesch an amerikanesch Literatur, skandinawesch Krimien, heinsdo och mol e Sachbuch oder eng Biographie. Natierlech an der lescht och ëmmer méi oft ee lëtzebuerger Roman 🙂 Ca. 70 Bicher am Joer, et muss een jo genug Fudder hunn fir de Clienten ee passend Buch empfehlen ze kënnen.

Mäi Favorit vun ESP??? Aus menger Zäit beim Verlag, sinn jo eréicht säit 3 Joer do: bei de Kannerbicher op jiddefall De Schmuebeli vum Nicolas Feider. Dat Buch huet e gewësse Nostalgie-Touch. Eng Geschicht vun engem Villchen, déi den Auteur senge Kanner virun gutt 50 Joer fir de Kleeschen erzielt huet a mat eegenen Illustratiounen bebildert huet. Bei de Romaner vläicht A ceux qui disent encore Merci vum Danièle Montredon, eng Art Liebesgeschicht, déi zum groussen Deel hei zu Lëtzebuerg am Theatermilieu spillt.

Kënnt Dir jonken, oder villäischt einfach neie Schrëftsteller nach een Tipp mat op de Wee ginn?
Oh, dat ass ganz schwéier! Ech kann do just op eis Kriteren verweisen. Eng gewësse Qualitéit, en eegene Stil, e Minimum u Spannung, wann méiglech net zevill Feeler. Ausserdeem Ausdauer a Courage! Och Schreiwen ass jo eng Berufung! Mir brauchen onbedenkt jonke Nowues bei de lëtzebuerger Auteuren. Mir sinn an där Hinsicht ganz frou fir d’Isabel Spigarelli bei eis am Programm ze hunn 🙂

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s