HOSCHEIT JHEMP HOME-96B - copiePhoto: Paolo Leoni©CNL

Dir schreiwt Romaner fir Grouss a Kleng, wéi eng hutt Dir da léiwer?
Ech schreiwe grad sou gär fir déi Kleng wéi fir déi Grouss. Ech muss meng Lieser/innen alleguer eescht huelen a wëll s’op eng Rees mathuelen an dobäi authentesch bleiwen. Eng Geschicht, fir Kleng oder Grouss, ass ëmmer en Deel vu mär selwer. D’Schreiwen ass generell wéi eng Rees, op déi mäin Ech mech mathëlt. Ech kann ‚ech‘ bleiwen awer mech och verstellen oder mäin Ech tarnen. Bei engem Roman brauch ech méi e laangen Otem, méi Ausdauer, da schreiwen ech duerno zum Beispill nees Gedichter, kleng Satiren oder méi kleng Geschichte fir Kanner, fir ofzewiesselen.

Wou huelt Dir d’Ideeën, d’Inspiratioun fir déi verschiddenst Themen hier?
Den Alldag bréngt mer d’Iddien, oder soe mer, wann ech beim Schreiwe fir eng kuerz Zäit aus dem Alldag ‚erausklammen‘. Et ass keng richteg Flucht, ech erschafe mer och keng Ersatzwelt. Am Fong geholl setzen ech mech ëmmer mat der Wierklechkeet, ënnert all hiren Aspekter, auserneen. Et brauch een nëmme virwëtzeg ze sinn an d’Oueren ze spëtzen. Ech schaffen och gär mat verschiddene Genren – Roman, Poesie, Satir, Gedichter, Liddertexter, Geschichten… Mol hunn ech Loscht ze reimen, oder ëm den Eck ze denken, an d’Welt aus engem anere Bléckwénkel ze kucken, oder mol nees e längeren Text ze schreiwen. D’Inspiratioun kënnt, wann ech mech op eppes aloossen, wat mer bis dohi friem war, da kommen ech an onbekannte Welten oder ongewinnte Situatiounen, déi mech dann a menger Fantasi weiderdreiwen. Ech dreiwen dann d’Saache gär op d’Spëtzt, fir ze kucken, wuer mech d’Fantasi hiféiert. D’Sprooch mécht dann de Rescht. De Genre hängt och ëmmer vu menger Laun of, wéi gutt an inspiréiert ech mech spieren…

Wéi sidd Dir zum Schreiwe komm? Gëtt et do eng Geschicht dozou?
Ech mengen, ech schreiwen, well meng Mamm, wou si e jonkt Meedche war, geschriwwen huet awer net huet dierfe schreiwen, well hire Papp, also mäi Bopa, dat net wollt. Hie sot, dat géif sech net passe fir Meedercher. (Vläicht war hien och jalous, hien huet selwer geschriwwen!) Dat war dann déi Zort Ënnerdréckung, vun där meng Mamm an aner Meedercher a Fraen Affer goufen. Si goufen an hirer Kreativitéit, an hirem Wiesen ënnerdréckt. Haut sinn ech a menger Mamm hirer Plaz kreativ. Vläicht hunn ech den Don vun hir, well si hir kënschtleresch Säit net ausliewe konnt.

Wat gefält Iech um Schreiwen am beschten?
Well ech mat der Sprooch spille kann. D’Sprooch hëlt mech mat op e Fantasituer. Ech ka mer dann eng Welt erfannen, mech an eng Geschicht erandenken, eraschreiwen, eraliewen. Meng Geschicht gëtt lieweg duerch d’Sprooch. Ech gesi Mënschen, Biller, Situatiounen, Szeenen, Landschaften… ech gesi Persoune vru mer, déi ech da mat Wierder akleeden. Schreiwen ass jo och Kino am Kapp. Ech spille mer oder erziele mer mat Wierder eng Geschicht am Kapp, déi ech dann zu Pabeier bréngen.

Wéi laang schafft Dir un engem Buch?
Dat hängt dovun of. Fir e Roman brauch ech normalerweis zwee Joer. Ech muss mech jo och vill dokumentéieren iwwer d’Zäit, an där de Roman spillt. Ech sammelen da ganz vill Material, maache mer Notizen, e Classeur voll, an dann integréieren ech d’Intrigue, oder den Erzielfuedem, an déi Zäit. Dat ‚Ronderëmt‘ muss jo och alles stëmmen. Beim Roman ‚Perl oder Pica‘ hunn ech mech zréck an d’Joer 62 versat, hunn am Tageblatt am Archiv um Späicher während zwee Méint an alen Zeitungen nogesicht, wat an deem Joer alles geschitt ass. Am Roman ‚Aacht Deeg an der Woch‘ hunn ech en Zäitsprong an de Mee 68 zu Esch gemaach an hunn alles nogesicht, wat fir déi Zäit typesch war: Moud, Musek, Politik, Sport, Studenterebellioun, Kino, asw… awer haaptsächlech hunn ech mech mat de Beatles beschäftegt, well den Erzieler seng ‚Education sentimentale‘ duerch oder wéinst de Beatles-Lidder mécht. Fir de Roman ‚Mondelia‘, an deem eng Zëmmerplanz zur ‚Detektivin‘ gëtt, hunn ech mech ganz vill mat Botanik beschäftegt.
Bei de Kannerbicher brauch ech net sou laang Zäit. Wann ech bis d’Iddi hunn, da geet et méi séier wéi bei engem Roman. Mee heiansdo brauch ech Zäit fir eng gutt Iddi ze kréien.

Wou schreiwt Dir am léifsten?
Ech schreiwen am léifsten a mengem Bureau: dat ass meng Insel, op déi ech mech zréckzéien a wou ech mech wuelfillen. Do sinn ech dann a menger klenger Welt, mat de Bicher a Souveniren an de Regaler, déi mech begleeden, an de Posteren, de Photoen an de Biller op der Mauer…

Als Auteur geet ee jo och vill op Liesungen ..
Wéi gefält Iech dat?
Et gëtt näischt méi Schéines fir e Schrëftsteller wéi de Kontakt mat senge Lieser. Ech hu jo an de leschte Jore ganz vill Schoulliesunge gemaach, op deenen ech aus menge Kannerbicher virliesen. Dat ass eng grouss Freed, wann ech gesinn, wéi d’Kanner nach gäre Geschichten nolauschteren. Et sinn déi Momenter, un déi si sech nach laang erënneren, wann e Schrëftsteller mat Leif a Séil bei hinnen op Besuch war. Och bei menge kabarettistesche Liesungen sinn ech frou, wann d’Leit ënnerschiddlech reagéieren.

Ass dat op Dauer net langweileg, oder ass et ofwiesslungsräich genuch?
Neen, dat ass ni langweileg. All Liesung ass anescht. An de Schoule gesinn ech ëmmer de Kanner hir Aen, déi glënneren, wann ech virliesen, ech freeë mech ëmmer nees op de Kanner hir Froen, well si wëlle jo wëssen, wéi dat ass mat deem Schreiwen. Beim Cabaret sinn och d’Reaktioune vum Publikum ënnerschiddlech an et erlieft een nach eegen Iwwerraschungen iwwrem Spillen.

Wat liest Dir privat am léifsten?
Do brauch ech och vill Ofwiesslung. Ech kucke mer de ‚Klappentext‘ un a loosse mech gär iwwerraschen. Am léifste liesen ech Romaner vum Paul Auster, John Irving, Philip Roth, Leon de Winter…

Hutt Dir ee Liiblingsbuch?
Mäi Lieblingsbuch ass a bleift ‚L’étranger‘ vum Albert Camus, dat ech als Student 1969 gelies hunn, an dat mech zimlech opgewullt an opgerëselt huet, well de Camus an deem Buch seng Opfaassung vum Absurden um Beispill vu sengem Personnage, dem Meursault, illustréiert. Et war, fir et mol mam Kafka ze soen, d’Aaxt am gefruerene Mier an ons / a mär.

Liiblingszitat?
Vivre c’est faire vivre l’absurde. (Albert Camus)

Wien ass Är allerléifste Romanfigur?
Den Owen Meany aus dem John Irving sengem Roman ‚A Prayer for Owen Meany‘ vun 1989.

Iergendwou, leider fannen ech den Interview net méi, hunn ech gelies, dass Dir ee grousse Sammler sitt, wat Luxemburgensia ubelaangt.
Déi ass bestëmmt beandrockent!
Wéi koum et dozou?
Well ech während ville Jore Sekretär vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband war, hunn ech mech fir (bal) all belletristescht Buch, dat zu Lëtzebuerg publizéiert gouf, interesséiert. Ech hunn se net all gelies, mech awer vill mat der dräisproocheger Literatur zu Lëtzebuerg beschäftegt an driwwer recherchéiert a mech informéiert. Ech wollt a wëll nach ëmmer wëssen, wéi a wat meng lëtzebuerger Kolleegen a Kolleeginne schreiwen. Ech wëll mech, wéi ee sou schéi seet, um Lafenden halen, well ouni Literatur an ouni Kultur d’Liewen zimlech eidel a fad wär.

Kënnt villäischt d’nächst Joer nach een zweeten Deel vun Ärem Joresréckbléck eraus? Duercherneen hu mir jo genuch …
Dat weess ech nach net. Ech hunn d’lescht Joer – 2016 – d’Aktualitéit Woch fir Woch kommentéiert, hunn Zeitungsnoochriichten zu menger Sprooch verschafft a se satiresch beliicht. Um Enn vum Joer hat ech do 40 Säite mat mengen humoristeschen Iwwerleeungen zu der nationaler an internationaler Aktualitéit. Doraus ass dann déi kabarettistesch Liesung entstanen, mat där Arpetti an Hoscheit 2017 op Liestournée goungen, an duerno ass och nach den Text bei den Editions Guy Binsfeld publizéiert ginn.
Ech weess nach net, ob ech och dëst Joer nees e grad sou gudde Programm ka schreiwen. Ech hat mer beim ‚Sorry fir den Duercherneen 2016‘ d’Lat zimlech héich gestallt. Sinn awer schonn amgaang, mer Notizen ze maachen.

Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?
Dat gëtt zimlech schwéier. Do muss ech passen… Vläicht schreiwen ech, fir erauszefannen, wien ech selwer sinn. Dofir fält et mer schwéier, mech an dräi kuerze Wierder ze beschreiwen.

Wéieen Tipp kënnt Dir jonke Schrëftsteller villäicht nach mat op de Wee ginn?
Vill liesen…an de Virwëtz stëppelen… Kritik unhuelen…an dann awer net opginn, wann mol een oder deen aneren eppes net gutt fënnt… a sech Zäit loossen / gënnen… a sech permanent a Fro stellen… a sech net zevill eescht huelen… (lo geet et duer!)

Wat kënnt dëst Joer nach op eis, Är Lieser duer? Een neit Buch?
Ech hunn lo eng nei Kannergeschicht fäerdeg geschriwwen – De Schmunzel –, déi ech mengem Editeur, dem Marc Binsfeld, geschéckt hunn. Lo musse mer kucken, ob aus deem Projet eng nei Publikatioun gëtt, well d’Geschicht muss jo nach illustréiert ginn. Zwee Bëschhuesen an en Uhu fannen am Bësch en décke Steen, deen hinne friem a ko(s)mesch virkënnt. Si buddelen en aus… et ass e Meteorit, dee ganz besonnesch Eegeschaften entwéckelt, dat heescht, seng ‚Haut‘ verännert sech, e reagéiert mat verschidde Smileyen, jeenodeem wéi e gelaunt ass. An da kënnt en Astrophysiker, dee wëllt de Meteorit fir Fuerschungszwecker mathuelen, well, wéi ‚t schéngt, wichteg Réistoffer dra sinn… Awer loossen d’Déiere sech de Schmunzel ewechhuelen?

 

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s