Woman in Cabin 10

De Lieser freet sech dat ganzt Buch iwwer, ob hien dem Lo iwwerhapt traue kann.
Eis Protagonistin ass nämlech labil, drénkt vill an ass och nach pëllesüchteg.
Ausserdeem ass hatt Reesjournalistin, fir een Artikel, däerf hatt mat der Aurora matfueren, dëst Luxusschëff huet just zéng Kabinen.
Zoufälleg kritt hatt mat, dass komesch, verdächteg Saachen u Bord geschéien.
Hatt gëtt ugegraff, verdächtegt gëtt mat der Zäit wierklech jiddereen.
A keen schéngt him ze gleewen …
Erlieft d’Lo dës Saache wierklech, oder huet hatt duerch seng Paranoiditéit esou eng ferme mat der Ratsch?
Wat ass richteg?
Wat falsch?
Kann hatt iwwerhaapt engem trauen?
Flott un dësem Buch hunn ech déi Texter fonnt, déi vu verschiddene Frënn an der Famill sinn, duerch si, geheien mir heiansdo ee klengen Bléck an d’Zukunft.
(Duerch Facebook, What’s App Norichten a souguer Zeitungsartikelen)
Dat hëllt eis d’Spannung awer net ewech, am Géigendeel, de Lieser wëll séier weiderliesen fir erauszefannen, wat da lo geschitt.
Ech hunn der Autorin hiert éischt Buch ‚Im dunklen, dunklen Wald‘, och scho gelies, ech si vun deenen zwee begeeschtert.
A wann dat drëtt erauskënnt, wäert ech och dat mat Freed verschléngen.

 

 

Veröffentlicht in dtv

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s