Dëst Buch ass schonn dat zweet Buch, wat ech vum Lily Oliver gelies hunn.

Den Text huet, genee ewéi deen éischten Deel, Séil.
D’Geschicht ass poetesch.
Tragesch.
Se bréngt Hoffnung, a weist och, dass een d‘ Hoffnung op kee Fall verléieren däerf …
D’Geschicht gëtt eis aus zwou Perspektiven erzielt.
D’Lara kann opgrond vun enger psychescher Stéierung net roueg sinn, hatt muss schwätzen.
Hatt probéiert verzweifelt erauszefannen, wien hatt iwwerhapt ass, a wat den Dag vu sengem Akkzident geschitt ass.

An do ass den Thomas, ee Komapatient, mir liesen seng Gedanken a Gefiller.
Hie lauschtert dem Lara no, hatt hëlleft him, dee ganzen Zoustand z’erdroen.
D’Atmosphär am Buch gefält mir ganz gutt, d’Beschreiwungen, d’Gefillswelt, an och d’Gespréicher si ganz gutt gelongen.
Ech hu richteg matgefillt.
Gelieft.
Beim Lily Oliver senge Buchcover an Titelen däerf ee sech net täusche loossen, et stécht vill méi dra, wéi just eng Liibesgeschicht!
Et wier och gutt, Nuesschnappecher grëffbereet ze hunn …
Den Epilog schléisst d’Erzielung perfekt of, et kéinten Tréine fléissen …
Et ass perfekt!

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s