Dëst Buch hat fir mech leider net wierklech eppes vun engem Thriller, ech hu mir vill méi erwaart.
Ech si mir virkomm, ewéi wann ech eng Rees an d’Vergaangenheet gemaach hätt.
Virun fofzéng Joer dorëmmer, hunn ech d’Gaslicht Groschenromaner gäre gelies.
Dir wësst schonn – eng Fra aus der Ënnerschicht, verléift sech an ee räiche Mann.
Dësen ass Witwer, an huet ee Kand.
Da kënnt nach ee mysteriéist Rätsel ëm den Dout vun der éischter Fra dobäi, et gëtt e bësse gerätselt, gegrujelt, a fäerdeg.
Leider hunn ech Iech elo mat dësem Reckbléck och vill vun dësem Buch verroden.
Flott hunn ech awer d’Schreifweis fonnt, se kléngt melodesch, an de Lieser huet kee Problem, sech dës Erzielungen bildlech virzestellen.
Well erzielt gëtt vill, mir ginn sou munch al Geschicht aus dem Här Kerthen senger Famill, senge Virfahren gewuer.
Dat war et allerdéngs schonn, mä maacht Iech am beschte selwer ee Bild dovunner.
Och wann ech mech un déi Groschenromaner erënnert hunn – ech hu mech awer ënnerhale gefillt, an dat ass dach d’Haaptsaach!

Wien vun Iech huet d’Buch gelies, a wéi war Ären Androck dovunner?

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s