Endstation Steeseler Plateau

Dëst Buch vun der Madamm Feltgen ass dat éischt Buch, wat ech vun hier gelies hunn.
Ech hat mir awer eppes aneres erwaart, ech hu mat engem Krimi gerechent, an ech krut ee Spionagebuch zerwéiert.
Dat huet mech e bëssen enttäuscht, dofir hunn ech mir nach zwee aner Romaner vun der Madamm Feltgen bestallt, ech wollt mir e bësse méi genau een Iwwerbléck vun hierer Schreifweis maachen.
An och vum Schreifgenre.

Wann ee weess, dass d’Buch éischter Spionage ass, gefält et besser.
Et war mir allerdéngs een Tick ze fantastesch, et koum ee Klischee nom aneren.
D’Geschicht ass mir einfach ze séier ugaangen, an ëmmer méi séier ginn …
Maträtselen konnt ech leider och net wierklech, well d’Handlung nawell oft virauszegesinn war.
Villäischt huet dësen Roman mir net esou gefall, wéi déi aner, well et ee vun deenen éischten ass.
Ech weess et net, dat ass just Spekulatioun.

De Polizist Simon a säi Meedchen Anna mussen aus Däitschland fort, do sinn se net méi sécher.
Iergendwéi leeft alles schif, op hierem Wee op Lëtzebuerg gi si uegraff.
Hiere Plang ass verrode ginn, wiem kënnen se elo nach trauen?
Ass et iwwerhapt sécher zu Lëtzebuerg?
Hannert wéiee Geheimnis ass de Simon komm?
Wat huet seng verstuerwe Fra domat ze dinn?
Léise si d’Rätsel, oder lafen se an hiert Ongléck?

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s