De Buchcover, an och den Titel vum Jhemp Hoscheit sengem neieste Buch ‚Sorry, fir deen Duercherneen‘, halen op jidde Fall hiert Verspriechen.

Et ass een eenzegt Duercherneen, a ganz éierlech, wa mir op d’Joer 2016 zeréck blécken, fält mir och kee bessert Wuert dofir an.
Recht huet hien!
Mat Hoer op der Zong, engem kritesche Bléck, an engem gudden A fir d’Detail, léisst den Här Hoscheit dat lescht Joer Revue passéieren …

An dat net nëmmen an dësem Land, hien huet d’Welt am Allgemengen ënnert d’Lupp geholl.
A senger iwwerdriwwener Aart a Manéier, der satirescher Schreifweis, probéiert hien de Lieser waakreg ze rëselen.
Hoffe mir alt, dass him dat geléngt!
Satir ass villäischt net jidderengem Säint, mä ech fannen, et ass awer ee wichtegt Stéck Literatur.
Si hëlleft, do wou ee mat Eeschthaftegkeet net weider kënnt.
Si deckt op, et fänkt een un sou munches ze hannerfroen, et gëtt een eréischt beim ironeschen Ënnertoun opmierksam op déi verschiddenst Mëssstänn.
Gutt, et ass witzeg, mä seet een net och:
-An all Witz stécht e Kär Wourecht; et läit just un der Perspektiv!
D’Buch huet keng Kapitelen, keng Akter a keng Themen, et liest en et riicht duerch.
Dat hunn ech ganz gutt a gelonge fonnt, et passt zu där ganzer Opmaachung.
2016 hu mir jo och vu vir no hannen erlieft, do gouf et kee Moment sech kuerz dohin ze sëtzen, a kuerz ze pauséieren.
Leider, muss een dozou soen.
Ech hat d’Buch an engem Zock gelies, mat sengen 92 Säiten war dat guer kee Problem.
Et kënnt villes op d’Tapéit, et gëtt näischt ënnert den Teppech gekiert!
Et si ganz einfach satiresch, lëschteg an och rhythmesch Gespréicher tëschend zwee Hären, genannt A a B.
D’Kierch, de Staat, d’Schoulreform, d’Politik, den Terror an d’Flüchtlingskris, et ass erstaunlech, wéivill Welt an dëst klengt Buch gepasst huet.
Nom Liese vun dësem Buch, gitt eraus, kuckt d’Norichten, geheit ee Bléck an de Spigel a frot Iech:
-Gefält mir wierklech wat ech gesinn?
Wat kann ech änneren?
Denken ech wat ech denken, oder denken ech dat, wat d’Medien mir suggeréieren?
Muss dat alles wierklech sinn?
D’Buch hannerléisst eis mat engem laachenden an engem kräischenden A.
D’Laachen, wéinst där ganzer Tragik, déi an der Wourecht stécht, d’Kräischen, well d‘ Wourecht wéi deet a mir ongewëss an d’Joer 2017 kucken.
An och wann et net fir eis Gesellschaft schwätzt, ech hätt näischt dogéint een zweeten Deel vun dësem Duercherneen ze liesen!
Hoffe mir alt, dass et besser gëtt, a mir awer eppes ze laachen hunn!

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s