20180218_144737.jpg

D’grouss Vakanz ass un, an net jiddereen fiert oder flitt fort.
Villäischt hutt Dir jo Loscht e puer nei Trëppelweeër kennenzeléieren?

Mir hunn eis dat op jidde Fall fest virgeholl, ech wäert Iech och zu all Wee eng Klengegkeet schreiwen.
Dëse Guide ass eng flott Méiglechkeet fir eis onst d’Land, an d’Natur méi no ze bréngen.
Dee klengen, handlechen Klasseur ass a puer Deeler opgedeelt, et sinn 201 Trëppelweeër:
D’Éislek, d’Guttland, de Mëllerdall, d’Musel, an d’Terres rouges!
Sämtlech Informationen zu de Weeër an den Uertschaften, sinn op Däitsch, Franséisch, an Englesch ze fannen.
Natierlech feelen d’GPS-Daten net!
De Klasseur verréit eis och, wou een eventuell kéint eng Besonneschkeet aus eisem Land fannen, zu Heinerscheid ass et eng Kierch mat Mosaikaltar, zu Brouch ass et d’Fundament vun enger Kapelle aus dem 16ten Joerhonnert, an zu Oberpallen ass et ee Grenzsteen vun 1843.
Mir léieren soumat och nach e bësse Geschicht,
Geografie jo souwisou!

Mir si vrun e puer Méint op d’Musel geplënnert, ech si mir sécher, dass mir nach ganz vill flott Plazen wäerten fannen.
An net nëmmen do …

Et ass wierklech kee Wonner, dass Lëtzebuerg och ‚kleng Schwäiz‘ genannt gëtt!

Wien huet de Guide da schonn ausprobéiert?

Villäischt wëllt Dir dat Ganzt jo kombinéieren, a mat dësem Guide e puer Plazen vum Fotosband opsichen, an Är eegen Fotoen maachen  😉

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s