Schonn déi éischt Säite vum Pascal sengem Buch sinn duergaangen, fir ze wëssen, dass et eng philosophesch Erzielung gëtt.
Ech war op d’Ëmsetzung, d’Athmosphär am Buch gespaant, d’Handlung spillt sech nämlech zu New York of, a bekanntlech schléift dës Stad ni.
Mä d’Buch ass roueg, d’Charaktere si vill op der Sich no Äntwerten.
Et gi ganz vill existenziell Froe gestallt, et gëtt alles ganz genee beschriwwen, beduecht a geliewt.
An der Nuecht huet all Stär seng Plaz, bei der Musik sëtzt all Toun, de Reen richt, et gesäit een Drëpse scho bal falen, den Dout geet Hand an Hand mam Liewen dohier …

Et ass definitiv kee Buch, wat een an engem Zock ka liesen.

Et ass einfach a schwéier zugläich.
Schwéier hunn ech et fonnt, well de Focus op der philosophescher Erzielung loung, a wéineg Dialog am Buch ze fannen ass.
Mä ‚t war awer eng flott Rees.
Sex, Drogen a Jazz, gemëscht mat Philo ass wierklech eng interessant Kombinatioun, déi ech bis dato nach net kannt hunn.

Et muss net ëmmer ee Liibes/Fantasy/Thriller/Roman sinn …
Wann Dir op der Sich no engem seriöen T(r)ipp sitt, net rätselt, mä hannerfrot, dann ass dëst Buch genee dat Richtegt.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s