Dëst Buch war ganz witzig fir mech ze liesen.
Mäi Meedchen huet zwee Joer, a momentan huet hatt eng ‚ech wëll meng Hänn déi ganzen Zäit wäschen-Phas‘ 😂
D’Buch huet, bei mir op jidde Fall, fir Ofwiesselung gesuergt …

D’Geschicht huet wierklech net vill Text, et beschränkt sech op dat wesentlecht, dat ass och gutt esou!
Et seet e jo och, dass ee Bild heiansdo méi verréit, wéi dausend Wierder.
Dës Illustratiounen weisen, dass dat stëmmt!

Ewéi den Titel eis et scho verréit, d’Prinzessin wëll seng Hänn net wäschen.
Gutt, eemol ass ok, mä nodeems hatt puermol ugestallt ginn ass, fänkt hatt u mat knouteren.
Bis dass hatt erklärt kritt, firwat hatt nom Potti, nom Spillen, nom néitsen a virum Iessen seng Hänn soll wäschen.
Wéinst de Bazillen a Bakterien!

Natierlech ass d’Geschicht ëm d’Prinzessin net nëmmen eng Geschicht, se erklärt eis och, wéi wichteg eng gutt Hygiene ass …
Et ass gutt, dass eis kleng Kanner, dës wichteg Prozedur, esou einfach a lëschteg erklärt kënne kréien.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s