D’Lizzie huet ee Schatz gesicht, an ech hunn en mat dësem Buch fonnt.
D’Illustratiounen sinn nämlech esou detailléiert, dass et scho bal ee Wimmelbuch ass, et gëtt wierklech immens vill z’entdecken.
Dat ass dach ëmmer schéin, et gëtt bestëmmt net langweileg 😉
D’Lizzie ass eng Kou.
Hatt dréit ganz gären d’Post mam Bréifdréier aus.
Wéi se bei der Bauerefra ukomm sinn, gesäit hatt eppes mysteriéisen, et ass eng Schatzkaart.
Währenddeems d’Lizzie, a Frënn vum Haff, no deem Schatz sichen, bastelt d’Bauerefra eppes.
Mä se kënnt net richteg virun.
Ob eemol gëtt se och nach ofgelenkt, schnell muss se eraus kucken goen, wat do lass ass.
Se traut hieren Aen bal net, dee ganzen Geméisgaart ass huddel a fatz …
Wat huet d’Lizzie do nëmmen gestiicht?
A wéi reagéiert d’Bauerefra?
Gëtt et den Owend ieren Geméiszopp?
Huet d’Lizzie de Schatz da wéinstens fonnt?

Ech hu fonnt, dass et eng wierklech flott Kannergeschicht ass, et ass bëssen schued, dass esou Bicher ëmmer schnell ausgelies sinn.
Mä et kann een se ëmmer erëm kucken!

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s