De Laachmännchen

De Laachmännchen ass dat neiste Buch aus der Editions Schortgen, wat mir direkt an d’A gefall ass, sinn déi flott faarweg Illustratiounen!
D’Buch ass traureg, schéin …
Dem giele Laachmännchen seng Geschicht huet ee wichtege Message un eis all.
Dat gefält mir un engem Kannerbuch ëmmer ganz gutt!

De giele Laachmännchen ass traureg.
Duerch säin Anescht-Sinn, laachen déi aner ëmmer, wa se hien gesinn.
Hie fillt sech onwuel, net op senger Plaz, hien huet d’Gefill, dass jiddereen hien auslaacht.
An dat stéiert hien, dacks zitt e sech zréck.

Enges Dages, freet ee klenge Jong hien, firwat en ëmmer sou traureg ass.
Dat ass dee Moment, wou de léiwe, klengen, besonneschen, an zumools giele Männchen versteet, dass keen iwwert hie laacht – mä mat him, well e, sou giel wéi en ass, der Sonn vill gläicht.

De giele Laachmännchen léiert eis, erënnert eis, dass Anescht-Sinn näischt Schlëmmes ass, Akzeptanz ass wichteg.
Vertrauen a sech selwer hunn, ass de Schlëssel zum Gléck!
De Mëttelpunkt vun enger Ronn, muss net onangenehm sinn, et ka souguer richteg flott sinn, wann deen neidegen Versteesdemech do ass.

Ech géif et immens fannen, wann dëst Buch genotzt géif ginn, fir Kanner ze stärken, déi duerch iergendeppes un hierem Selbstbewosstsinn ze knaen hunn.
Ech si mir sécher, dass de Laachmännchen och hinnen, ee wonnerschéint Grinsen an d’Gesiicht zaubert.

D’Buch ass zweesproocheg, mir liesen d’Geschicht op Lëtzebuergesch an op Franséisch.
Dat ass nach ee Pluspunkt!
🌞

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s