Dëst Kannerbuch ze liesen, war mol eppes ganz aneschter, ech hunn nämlech nach ni eng Geschicht iwwert Geméis gelies.
Et war eng lëschteg Ofwiesselung!
D’Haaptpersonnagen sinn de Kroumpernéckel an d’Muertelisi.
D’Geschicht liest sech ewéi een Märchen …
Dem Gaart seng Prinzessin, d’Muertelisi gouf entfouert, de Kroumpernéckel, gëtt gefrot, fir se aus de Fäng vum Bauer sengem Kanengchen Bebsi ze retten.
Déi grouss, al Gromper, ass awer net ob sech eleng gestallt, hie kritt vun allerlee jonkem Geméis gehollef.
Natierlech fannen se d’Prinzessin, gläichzäiteg erwaart se eng erfreelech Überraschung.
D’Illustratiounen, souwéi den Text, si vum Vanessa Staudt, ech hunn d’Illustratioune e bëssen eegen fonnt.
Ronn, schwéier ze erklären.
Och beim Text sinn ech mir net ganz sécher, gutt, e liest sech ganz flësseg, et ass ee Kannerbuch, mä mir huet eng Äntwert gefeelt.

Hannen am Buch sinn nach zwou wëssenswäert, léierräich Säiten iwwert Gromperen a Muerten, an eiser realer Welt!
Esou Säiten, gefalen mir ëmmer ganz gutt.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s