Nodeems ech e bëssen am Anja Di Bartolomeo sengem Buch Chamäleons gebliedert hunn, wosst ech, dass dat net duergeet, ech wollt liesen.
Ech hu mir et op enger Trap gemittlech gemaach, a ruckzuck hat ech 50 Säiten eran.
Ech fannen, dat schwätzt fir ee gutt Buch, ech konnt et schwéier op d’Säit leeën.
Mir huet seng Schreifweis gefall, och wann d’Kuerzgeschichten éischter seriö sinn, sou hunn ech den Toun awer monter a flësseg fonnt.
Duerch dësen Toun spillt d’Autorin gekonnt mat den Ängscht a Suerge vun eisen Protagonisten.
Flott ass dee schwaarzen Humor, deen een tëscht verschiddenen Zeilen erausliest.
D’Geschichte si ganz ënnerscheedlech, verschiddener hu mech ugeschwat, ech hu se matgelieft, anerer hunn ech just gelies.
Se reegen zum Nodenken un, mir versetzen eis an d’Geschicht era, et léisst bestëmmt kee kal.
Lieser déi scho villes am Liewen matgemaach hunn, kënne sech am beschten mat dësen Erzielungen identifizéieren.
Se sinn nämlech wéi eis Protagonisten, Chamäleons.
Gesi mir eis Matmënschen, wéi se wierklech sinn, oder wéi mir se wëlle gesinn? Wéi gi mir wouergeholl? Verstelle mir eis?
Fonktionnéiers De schonn, oder liefs De nach?
Bass De denge Gefiller Meeschter, oder dominéieren se deng Welt?
Et komme wierklech vill Froen op …
Eng Geschicht hunn ech e puermol gelies, ech krut se net aus dem Kapp, ech hu mech gefrot ‚Firwat‘?
Firwat fäert dee Protagonist esou, dës einfach Handlung ze vollbréngen?
Dat gëtt wahrscheinlech vun all Lieser anescht interpretéiert …
Am ganzen sinn et 8 Geschichten, 8 Liewen, 8 Eenzelgänger, 8 Perséinlechkeeten, 8 Tragödien.
Och wann d’Geschichten ganz ënnerscheedlech sinn, d’Protagonisten sinn duerch hier Gefiller matenee verbonnen, si hunn all ee Päckelchen ze droen.

D’Buch huet 128 Säiten, ech war zimmlech séier mam liesen, dat hunn ech e bësse Schued fonnt, et hätt roueg kéinte méi sinn 😉
Et huet laang gedauert bis dass ech mat Kurzgeschichten waarm gi sinn, elo si se fir mech, déi perfekte Plattform, fir meng Fantasi spillen ze loossen, an d’Geschicht e bësse weider ze spannen.
Kuerzgeschichten ginn definitif ënnerschätzt, Chamäleons weist eis, dass et net op d’Gréisst ukënnt, souguer an der kierzester Geschicht kënne sech Universen opdoen.
Se kënne sech an héiger Konzentratioun entfaalen, an de Geescht erhellen.
D’Buch ass bei der Editioun Op der Lay erauskomm, d’Autorin huet den éischte Präis beim Concours littéraire national wuel verdéngt!

Ech wënschen dem Anja nach ganz vill Inspiratioun a genuch Zäit, fir se op de Pabeier ze bréngen, liesen maan ech se bestëmmt.

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s