20180218_144714

Zweesproocheg Bicher gefale mir net nëmmen, well et gutt fir eis francophon Awunner ass, se gefale mir och, well et eng gutt Méiglechkeet ass, fir eis Kanner, d’franséisch Sprooch e bësse méi ze léieren, ze liesen an ze üben.
Fir mech ass d’Sprooch nämlech net ‚en français, svp‘, se ass mir net verhaasst, ech si villäischt nach vun där aler Schoul.
D’Behersche vu ville Sproochen ass éischter een Zeechen vun Intellekt, se mécht vill Dieren op.
An dat kann dach net verkéiert sinn …
A wann d’Geschichten dann nach esou flott erzielt ass, mécht et duebel sou vill Spaass.

Am Ganzen sinn et véier Geschichten, se sinn ganz ënnerscheedlech.
Et kommen Jeansboxen, Bicherwierm, vill Déieren a ganz vill aner Saachen dra vir.
D’Texter sinn ganz léierräich opgebaut, fir fierwëllzeg Kanner sinn se bestëmmt ganz flott!
Och déi schéin, faarweg Illustratiounen spriechen een un, se passen bei de Gesamtpak!
Ech hu mech e bëssen an d’Kandheet zréckversat gefillt, ech fannen, se hunn een nostalgeschen Touch …
D’Buch ass net fir am Reegal ze loossen, et muss oft opgeschloe ginn, fir an déi verschiddenst Welten ze tauchen.
D’Geschichten hunn och ganz verschidden Themen, flott ass, dass no der Geschicht nach eng extra Säit kënnt mam Thema ‚Wosst de schonn?‘
So gëtt nach eemol alles méi genee a richteg erklärt!
Einfach nëmmen super!

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s