Stiefkind

  Dëst Buch hat fir mech leider net wierklech eppes vun engem Thriller, ech hu mir vill méi erwaart. Ech si mir virkomm, ewéi wann ech eng Rees an d'Vergaangenheet gemaach hätt. Virun fofzéng Joer dorëmmer, hunn ech d'Gaslicht Groschenromaner gäre gelies. Dir wësst schonn - eng Fra aus der Ënnerschicht, verléift sech an ee... Weiterlesen →

Endstation Steeseler Plateau

Dëst Buch vun der Madamm Feltgen ass dat éischt Buch, wat ech vun hier gelies hunn. Ech hat mir awer eppes aneres erwaart, ech hu mat engem Krimi gerechent, an ech krut ee Spionagebuch zerwéiert. Dat huet mech e bëssen enttäuscht, dofir hunn ech mir nach zwee aner Romaner vun der Madamm Feltgen bestallt, ech... Weiterlesen →

De Laachmännchen

De Laachmännchen ass dat neiste Buch aus der Editions Schortgen, wat mir direkt an d'A gefall ass, sinn déi flott faarweg Illustratiounen! D'Buch ass traureg, schéin ... Dem giele Laachmännchen seng Geschicht huet ee wichtege Message un eis all. Dat gefält mir un engem Kannerbuch ëmmer ganz gutt! De giele Laachmännchen ass traureg. Duerch säin... Weiterlesen →

De Krompernéckel

Dëst Kannerbuch ze liesen, war mol eppes ganz aneschter, ech hunn nämlech nach ni eng Geschicht iwwert Geméis gelies. Et war eng lëschteg Ofwiesselung! D'Haaptpersonnagen sinn de Kroumpernéckel an d'Muertelisi. D'Geschicht liest sech ewéi een Märchen ... Dem Gaart seng Prinzessin, d'Muertelisi gouf entfouert, de Kroumpernéckel, gëtt gefrot, fir se aus de Fäng vum Bauer... Weiterlesen →

Träume, die ich uns stehle

Dëst Buch ass schonn dat zweet Buch, wat ech vum Lily Oliver gelies hunn. Den Text huet, genee ewéi deen éischten Deel, Séil. D'Geschicht ass poetesch. Tragesch. Se bréngt Hoffnung, a weist och, dass een d' Hoffnung op kee Fall verléieren däerf ... D'Geschicht gëtt eis aus zwou Perspektiven erzielt. D'Lara kann opgrond vun enger... Weiterlesen →

D’Lizzie fënnt ee Schatz

D'Lizzie huet ee Schatz gesicht, an ech hunn en mat dësem Buch fonnt. D'Illustratiounen sinn nämlech esou detailléiert, dass et scho bal ee Wimmelbuch ass, et gëtt wierklech immens vill z'entdecken. Dat ass dach ëmmer schéin, et gëtt bestëmmt net langweileg 😉 D'Lizzie ass eng Kou. Hatt dréit ganz gären d'Post mam Bréifdréier aus. Wéi... Weiterlesen →

Guide auto-pédestre Luxembourg

D'grouss Vakanz ass un, an net jiddereen fiert oder flitt fort. Villäischt hutt Dir jo Loscht e puer nei Trëppelweeër kennenzeléieren? Mir hunn eis dat op jidde Fall fest virgeholl, ech wäert Iech och zu all Wee eng Klengegkeet schreiwen. Dëse Guide ass eng flott Méiglechkeet fir eis onst d'Land, an d'Natur méi no ze... Weiterlesen →

Blizzy

Zweesproocheg Bicher gefale mir net nëmmen, well et gutt fir eis francophon Awunner ass, se gefale mir och, well et eng gutt Méiglechkeet ass, fir eis Kanner, d'franséisch Sprooch e bësse méi ze léieren, ze liesen an ze üben. Fir mech ass d'Sprooch nämlech net 'en français, svp', se ass mir net verhaasst, ech si... Weiterlesen →

Chamäleons

Nodeems ech e bëssen am Anja Di Bartolomeo sengem Buch Chamäleons gebliedert hunn, wosst ech, dass dat net duergeet, ech wollt liesen. Ech hu mir et op enger Trap gemittlech gemaach, a ruckzuck hat ech 50 Säiten eran. Ech fannen, dat schwätzt fir ee gutt Buch, ech konnt et schwéier op d'Säit leeën. Mir huet... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑